D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
Rachael Dadd am Gudde Wëllen
Déi brittesch Folkmusekerin Rachael Dadd huet zanter 2004 eng erfollegräich a gläichzäiteg diskret Karriär, an där sech hir Musek vu Plack zu Plack verdéift an uräichert.
"Sinnmaschine" oder "What to do with Michel Majerus in Luxembourg?"
D'Mudam-Expo "Sinnmaschine" gëtt en Abléck an dat kënschtlerescht Schafe vum ze fréi verstuerwenen Multimedia-Kënschtler Michel Majerus.
Mat Poesie Grenzen duerchbriechen
De 16. Festival vum Printemps des poètes mat internationale Lyriker:inne steet virun der Dier.
Urgent Care
Den Adriano Lopes, besser bekannt als Chaild, ass eng vun de rare queere Songwriter-Stëmme vu Lëtzebuerg. Eng éischte Kéier kënnt muer en EP vun him eraus.
Mat Poesie Grenzen duerchbriechen
De 16. Festival vum Printemps des poètes mat internationale Lyriker:inne steet virun der Dier.
Eng mythologesch Figur am Joer 2078
D'Joer 2078 ass u sech net esou wäit ewech, am Roman "Astrea" hëlt déi jonk Autorin Freya Daro eis awer an eng Zukunft mat, déi kee sech wënscht.
Arel ass am Mee eng Bün
Vum 3. a 7. Mee verwandelen d'Aralunaires Arel an eng Bün, an dat schonn zanter 2009.
D'Wuert vun der Woch: Ouschteree
En zesummegesate Wuert, dat de Jean Portante auserneenhëlt an erëm zesummesetzt.
Nei am Kino
Wéi eng Filmer lafen haut nei am Kino un?
Octotrip - Gäscht vu Lyon
Octotrip - dat sinn aacht Museker, déi sech wärend hire Studien um Conservatoire National Supérieur de Musique et de Danse de Lyon kennegeléiert hunn.
D'Muecht vun der Hookline
"Continue as a Guest", déi nei New Pornographers Plack fänkt mat engem laange Fadeout un a verbréngt de Rescht vun hirer Dauer an engem opreegende Limbo.
Merci fir d'Wuert vun der Woch?
"Merci" ass e Wuert, dat mir, wa mir e bësschen héiflech wëlle sinn, ganz dacks gebrauche missten: fir de Jean Portante säi Wuert vun der Woch.
Nei Rockmusek - vun emo bis ongehuwwelt
Mat "Rat Saw God" vun der Band Wednesday an "Stereo Mind Game" vun Daughter kommen haut zwee Albumen eraus, déi ongedëlleg erwaart goufen.
D'Néckel Scholtus en bord de mer noire
Mat hirer Foto-Expo "À bord...en bord de mer noire" mécht d'Fotografin Néckel Scholtus Loscht, d'Welt nees selwer mat neien Aen ze kucken.
Staark musikalesch Faarwen
D'Rotonden hunn den Owend (6.4.) déi brittesch Post-Punk Band Egyptian Blue zu Gaascht: ee vun hire Frontmänner, den Andy Buss ass am Gespréich.