D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
Dat réimescht Lissabon
Fënnef Joerhonnerte laang huet Lissabon zum Réimesche Räich gehéiert.
"Inclusioun a Bünekonscht“: en Debat an der Banannefabrik op Invitatioun vun der ASPRO
Wëllen a kënne Mënsche mat Beanträchtegung zu Lëtzebuerg professionell Bünekënschtler ginn?
D'Wuert vun der Woch "Theater"
De Jean Portante erkläert d'Originne vum Wuert Theater an alles, wat domat verbonnen ass.
D'Margret Steckel, Laureatin vum Batty Weber-Präis
Feierlech Präisiwwerreechung am Nationale Literaturarchiv zu Miersch
Klangkonscht op der Nuit des musées
"Soundart“: eng Aart Sound ... oder méi?
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun den neie Filmer
"Madame Köpenick" duebel ausgezeechent
Dem Guy Helminger säi Stéck gouf mam Lëtzebuerger Theaterpräis ausgezeechent, grad esou d'Brigitte Urhausen fir hir Roll an dësem Stéck.
D'Wuert vun der Woch: Persoun
Et gëtt Wierder, déi mir all Dag gebrauchen, mee vun deene mir iwwerrascht sinn, wa mir hir Geschicht ënner d’Lupp huelen.
D‘Nowuesstalent Mahlia Theismann
E Gespréich mat der Mahlia Theismann, eng vun de Nominéierte fir déi Lëtzebuerger Theaterpräisser.
D'Saison 2023/24 am Mierscher Kulturhaus
Inklusioun gëtt am Mierscher Kulturhaus, dat dëst Joer säin 20. Gebuertsdag feiert, grouss geschriwwen.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der Kinosaktualitéit
D‘Nowuesstalent Timo Wagner
Ee Gespréich mam Timo Wagner, Nominéierte fir déi Lëtzebuerger Theaterpräisser
D'Wuert vun der Woch: Hierscht
Wou dat Wuert hierkënnt, an och d'Wierder "September" a "Saison" erkläert de Jean Portante.
Nei Saison am Kasemattentheater
Gëschter (14.9.) hunn déi dräi kleng Theateren aus der Stad hir nei Saison virgestallt. Hei en Extrait, wou Dir d‘Saison vum Kasemattentheater kenneléiert.
D‘Schauspillerin an Theaterregisseurin Larisa Faber
Iwwernächste Weekend gi fir déi zweete Kéier déi Lëtzebuerger Theaterpräisser iwwerreecht, an d‘Larisa Faber ass direkt zweemol nominéiert.
Nei am Kino
Wéi eng Filmer lafen dës Woch un?
D'Nowuesstalent Max Gindorff
E Gespréich mam Schauspiller Max Gindorff, dee fir déi Lëtzebuerger Theaterpräisser an der Kategorie vun den Nowuesstalenter nominéiert ass.
Saarland trëfft op Kolumbien
Den Duo Nomos invitéiert op een Jazz-Concert an der Stad (15.09).
D'Nowuesstalent Max Gindorff
E Gespréich mam Schauspiller Max Gindorff, dee fir déi Lëtzebuerger Theaterpräisser an der Kategorie vun den Nowuesstalenter nominéiert ass.