D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
Dem Claude Luisier seng nei erfonnte Balafonen
Dee belsche Journalist Jean-Bernard Rauzer trëfft sech mam Claude Luisier, Perfektionéierer vum westafrikanesche Balafon, an dem Christophe Erard, dee mam Instrument schafft.
E Réckbléck op déi 19. Architekturbiennale 2025 ...
.... an en Ausbléck op d'Konschtbiennale 2026 zu Venedeg
La Korn Bass de David Defois
Op der Plage mam Churchill a mam Chaplin: "Zwei Herren am Strand"
D'Theateradaptéierung vum Michael Köhlmaier sengem Roman ass dem Frank Feitler säi posthume Projet iwwer Depressioun an de Kampf géint den Nationalsozialismus.
Positive Bilan fir Arles 2025 a Pläng fir d’Zukunft
Vu Carine Krecké 2025 bis Néckel Scholtus 2026
Film vun der Woch: "The Secret Agent"
Polit-Thriller iwwer déi brasilianesch Militärdiktatur, an enger Horrorfilm-Ambiance à la “Jaws” an “The Omen”
Eng Frechheet: "Le journal d'un prisonnier" vum Nicolas Sarkozy
Wisou dem Nicolas Sarkozy säi Buch esou wuel dreist wéi geféierlech ass!
Wie gewënnt de KLANG?
Den 100,7 annoncéiert de Gewënner oder d'Gewënnerin vum KLANG, de Präis fir de beschte Song vum Joer.
Wann dech de schwaarzen Hond bäisst: "Zwei Herren am Strand" am Ariston
De Luc Feit an de Steve Karier iwwer hir Verkierperung vum Winston Churchill a vum Charlie Chaplin
YLA 2025 bis den 23. Januar 2026
Tendenze bei der jonker Lëtzebuerger Konscht an eelef kënschtlereschen Aussoen
Death by Lightning
Eng aktuell Netflix-Miniserie. 1881: Den James A. Garfield gëtt éischter iwwerraschend amerikanesche President. Seng Zäit un der Spëtzt vum Land ass awer nëmme vu kuerzer Dauer.
Mudlarking
Am Bulli vun der Thamse si Schätz aus der räicher Geschicht vun der Hafestad verstoppt... Gummisstiwwelen un.
A Tribute to Coldplay an der Rockhal
De Jeff Schinker war an der esthetescher Hell ënnerwee - eng philosophesch Ausernanersetzung mam Phenomeen vun der Tribute Band.
Marc Meyers demissionéiert
De Marc Meyers huet gëschter annoncéiert, datt hie säi Posten als Direkter op den 1. September d’nächst Joer opgëtt.
Néckel Scholtus: no Arles ass virun Arles
De LUPA Mentorship 2026 fir Archivaarbecht notzen.
E Concert voller Chrëschtdagsstëmmung
An der Opus Mediathéik kann een aktuell de Chrëschtconcert vun den SEL lauschteren - e Concert èenner dem Motto "Christmas à la Hollywood".
Jean-Paul Maes - De Léiw gëtt rout
Siwe Portraite vu Mënschen, déi ee vläicht kéint kennen ...
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der aktueller Filmprogrammatioun mam Michel Delage
Film vun der Woch: "Resurrection"
E Fantasiewierk tëschent Dram a Realitéit vum Chinees Bi Gan., beschwat vum Michel Delage a Vesna Andonovic.