D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
Dieren tëschent Museksgenren opmaachen
D'Cité musicale-Metz huet déi nei Saison 2025/26 virgestallt. An dat mat engem bonte Mix tëschent de Kulturberäicher.
"Die tödliche Doris“ an der Galerie Requisite
E Beruff mat Zukunft: “Missverständniswisenschaftler”?
Kulturellt Tentakelwiesen
Gëschter (17.6.) hunn d’Bouneweger Rotonden hire Programm fir d’Saison 2025/26 virgestallt.
Musek am Atertdaul
5 Gemengen aus der Vallée de l'Attert tëschent der Belsch a Lëtzebuerg gi sech fir déi mëttlerweil 27. Editioun Rendez-vous beim Festival Musique dans la Vallée.
Nei am Kino
Den Nicolas Calmes verréit eis, wéi eng Filmer dës Woch ulafen.
"Versions des faits" am TNL
Am Gespréich mat der Nathalie Ronvaux an der Liss Scholtes
Lëtzebuerg, ee Fréijoersmärchen
Eng rhythmesch Kompositioun mat aussergewéinlechen Instrumenter
"Er hat dieses Klavier patentieren lassen"
Eng Biographie iwwer déi 90 Joer vum Pierre Nimax sen. Eng Biographie iwwer déi 90 Joer vum Pierre Nimax sen., déi méi verréit wéi dat, wat an der Lëtzebuerger Musekswelt gewosst an dokumentéiert ass.
De 15. Monodrama Festival an der Banannefabrik
Am Gespréich mat der Daliah Kentges an dem Steve Karier
Um Radar - ënner der Woch
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a faasst zesummen, wat dës Woch kulturell lass ass am Ländchen.
Zanter 2022 ouni Ouni: dës alternativ Akaafskultur huet sech zu Lëtzebuerg net duerchgesat.
Wéi Diddelénger Ouni-Adepten den Échec vun hirem Null-Verpackungsbutték erlieft hunn.
2 Uropféierunge mat 3 Lëtzebuerger
Marco Pütz, Philippe Schwartz a Pascal Schumacher: haut den Owend live aus der Philharmonie mat de Lëtzebuerger Philharmoniker
Das Radial
Tëschent Agit-Prop an NDW Pop
250 Joer William Turner
Déi gréisst gratis Ausstellung vun Turner-Biller op der Welt fënnt een an der Clore Gallery am Tate Britain zu London.
Um Radar: De Weekend
Den Nicolas Calmes aktivéiert säi Radar a proposéiert Iech eng Rei Kulturevenementer fir dëse Weekend.
Ted Lasso
Méi wéi just Fussball: Eng Feel-good-Serie mat Déifgang!
Den Darko Milowich a säin Ensemble d'arco
Den Darko Milowich war laang Geiist bei de Lëtzebuerger Philharmoniker. 1995 huet hien och den Ensemble d'arco gegrënnt.
Den Ariel Doron: E One-man-Zoo
Eng Schongkëscht oder Krichsspillgezei aus Plastik an Haaptrollen
Muer de Moie geet d’Fëte de la Musique offiziell lass
A si steet dëst Joer ënner engem besonnesche Stär.