D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
100. Gebuerstdag - Mikis Theodorakis
Wuel keen anere Komponist aus dem 20 Joerhonnert huet déi griichesch Musekszeen esou gepräägt wéi de Mikis Theodorakis.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun den aktuelle Filmer mam Michel Delage
Filmkritik: "Sorry, Baby"
De Michel Delage an d'Vesna Andonovic beschwätzen dës amerikanesch Tragikomedie vun a mat der Eva Victor.
Intelligenz. Natierlich. Artifiziell. Kollektiv
Bis den 23. November ass Architekturbiennale zu Venedeg
Sech als Fotograf:in bei 35 Grad am Schiet cool verkafen
Portfolio Reviews kënnen och ouni Stress iwwer d’Bün goen.
Summerconcert am Mierscher Theater
Den Orchestre National des Jeunes du Luxembourg (ONJ) ënner der Leedung vum Pit Brosius, zesumme mam däitschen Hornist Felix Klieser
Wéi de Bléck op d’Stater Natur sech bannent 100 Joer verännert huet
En Tour duerch déi traditionell Summerexpo vun der Stater Fotothéik am Cercle Cité
Buchkritik: "Le Sud n'aime pas les anges"
Der Isabelle Costantini hire Roman “Le Sud n’aime pas les anges” weist, wéi sech e Liewensprojet an en Albdram verwandelt.
Skallsjö Sommarorkester - géint Clichéen ugoen
"D'Klassesch Musek huet e Ruff, dee se net verdéngt." Dat seet de Skallsjö Sommarorkester, jonk Museker:innen, déi mat hire Concerten dëse Ruff ännere wëllen.
Buchkritik: "Arrêt sur enfance" - Manuela Draeger
De Schrëftsteller Antoine Volodine huet eng ganz eege Welt geschaf, an där hien ënner verschidden Nimm Bicher verëffentlecht.
Op der Sich nom Luxonaut
Eng nei BD vum Lucien Czuga an Dan Altmann
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vum aktuelle Filmprogramm mam Michel Delage
Filmkritik: "Eddington"
Dem Ari Aster säi véierte Film ënner dem Skalpel vun der Eqkipp vum Grousse Kino
LGBTQIA+-Theemen no der Pride Woch
D‘queert Liewen zu Lëtzebuerg, wann d'Bünen ofgeriicht an d‘Sponsoren d‘Pride Fändele erëm agepaakt hunn.
Bach on Bike
E Vëlostour mat Musek vum Johann Sebastian Bach: Dat ass d'Konzept vu Bach on Bike.
D’”images indociles” bei de Rencontres d’Arles 2025
De Festivaldirekter Christoph Wiesner iwwer d’Kraaft vu Biller
Lëtzebuerger séngt an der Liederhalle Stuttgart
De Bariton Olivier Nilles ass nach am Studium a feiert scho säin Debut am Mozart-Saal an der Stuttgarter Liederhalle.
Guy Rewenig - "Mir fällt ein Stein vom Herzen ...
... und zertrümmert meinen dicken Zeh"
Ënnerwee mat de Schof
D’Fotografin Liz Lambert iwwer hire Projet “Transhumanz”, dee si als Laureatin vun der Bourse CNA x LUGA realiséiert huet.