D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
Kennt Dir den Arnold Hau?
"Das Hau-Projekt" am Kasemattentheater. Parodie a Satir sinn do Programm.
Fear and Loathing in Moutfort mam Pierre Reyland
Dem Pierre Reyland säin Homage un den amerikanesche Realisateur Terry Gilliam an och u säi Compatriot a Gonzo-Journalist Hunter S. Thompson.

Réckbléck op de Palmarès vum Luxfilmfest
Déi 12. Editioun vum Luxfilmfest gouf gëschter ofgeschloss. Grousse Gewënner ass "Atlantide" vum italiéinesche Realisateur Yuri Ancarani.
"Déi iranesch Gesellschaft ass eng ganz kontrastéiert"
Interview mam iranesche Realisateur Panah Panahi iwwer säi Film "Hit the road", deen zwee Präisser um Luxfilmfest gewonnen huet.
Réckbléck op de Palmarès vum Luxfilmfest
Déi 12. Editioun vum Luxfilmfest gouf gëschter ofgeschloss. Grousse Gewënner ass "Atlantide" vum italiéinesche Realisateur Yuri Ancarani.
Wou Zirkus op elektroakustesch Musek trëfft
En Akrobat beweegt sech ëm an duerch en 33 Kilo schwéieren Holzbou. Déi Geräischer, déi dobäi entstinn, gi gesampelt an erauskënnt d'Kreatioun "3D", déi an de Rotondes gewise gëtt.
Luxfilmfest Digest 5
De Michel Delage an d'Martine Reuter schwätzen iwwer de polneschen Drama "Silent Land", deen an der Kompetitioun leeft, an de britteschen Docu "Cow"