D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
School of Rock
All Musekerinnen a Museker ware mol an der Schoul, heiansdo bréngt d'Schoul awer och kleng Popstaren ervir.
D'Schoul an der Literatur
Pénktlech fir d'Rentrée gi mir op d'Sich no Bicher, déi sech mat der Schoul an an hire Forme befaassen.
De Protagonist vun der Literatur ass ëmmer de Lieser!
... seet de spuenesche Schrëftsteller Javier Cercas.
Den neie Mineur: ee Musical mobiliséiert Käl an Téiteng
Dëse Weekend gëtt bei der Schungfabrik zu Téiteng de Musical "Den neie Mineur" opgeféiert: Véier Chorallen, zwou Harmonien a véier Profie stinn zesummen op der Bün.
D'AA Visiting School vu London zu Lëtzebuerg
Zukünfteg Architekten an Designer hunn am Kader vun Esch2022 Remix-culture-Klunschele fir den optimale Partizipatiounsgedanke gebaut.
Den Don Was gëtt der 70
De Begrënner vu Was (not Was) huet iwwer Joerzéngte Musek fir anerer produzéiert an dobäi eng eege Patt entwéckelt.
Wéi kléngt iwwerhaapt eng Ära?
D'Queen Elizabeth II ass dacks an der Popkultur opgedaucht, a Lidder, Filmer a Satir. Mee wat fir eng Kultur huet si selwer begeeschtert?