D’Gesiicht vun der Stad mat senge Verännerungen uechtert d’Zäit dokumentéieren: dat ass d’Missioun vun der Stater Fotothéik op der Cloche d’or. Zanter ewell ronn 40 Joer bedeit dat net nëmmen déi 7 Millioune Fotoen an Negativer aus der hausinterner Sammlung aartgerecht ze archivéieren, mee se och dem breede Public zougänglech ze maachen. Zum Beispill am Summer mat enger thematescher Foto-Expo am Cercle Cité. “Put it on! Le Luxembourg s’habille” ass se déi Kéier iwwerschriwwen. An d’Kerstin Thalau hëlt Iech elo mat op eng Visitt derduerch, zesumme mat der Fotothéik-Responsabeler Gaby Sonnabend an dem Fotograf vun der Institutioun, de Christian Aschman.
arrow_back_ios
Kultur
Der Fotothéik hir traditionell Summer-Expo dréit den Titel “Put it on!”
Lauschteren
play_arrow
headphones
20 min
Episoden
Le Guess Who Utrecht
De Museks-Festival ass an der ganzer hollännescher Stad a kënnt all Joer mat enger besonnesch futéierter Programmatioun dohier.
Déi intimistesch Säit vum Mound
"Luna" heescht dee leschten Album vum Lëtzebuerger Museker Pascal Schumacher, deen hien dëse Samschdeg an der Philharmonie virstellt.
NormArtFolies - Déi Jong verstoen an ënnerstëtzen
Zwee Deeg laang gëtt sech op divers Methode mat de Problemer a Suergen vu jonken Erwuessenen auseneegesat.
E Pionéier an der Kritik
Engersäits war de Louis Armstrong e groussen Numm am Amerika vun de 50er a 60er Joren - grad dowéinst stoung hien awer och an der Kritik.
Wéi eng mësslonge Spiicht aus engem Museker eng Jazzlegend mécht
"Louis Armstrong's Black & Blues" heescht en Documentaire, deen d'Liewe vun der Jazzlegend op originell Manéier opschafft.