Radioen

On air

Notturno  |  Ryan Adams - Come Pick Me Up

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Bolis Pupul op de Congés Annulés

Bolis Pupul op de Congés Annulés

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow

De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Als Bandmember huet seng Karriär ugefaangen, duerno Solo weidergemaach a senger Heemechtsstad Ghent. Säin Debutalbum huet hien zesumme mat senger belscher Kompatriotin a Sängerin Charlotte Adigéry am Duo erausbruecht, domat ee grousse Worf gelant an ënner anerem och schonn zu Berlin am Berghain opgeluecht.
Fir seng lescht Plack “Letter to Yu” huet hie sech mam Doud vu senger chineesescher Mamm beschäftegt, déi 2008 tragesch mam Auto verongléckt ass, an et ass eng erstaunlech net-traureg Plack ginn.
Haut den Owend (1.8.) steet de Bolis Pupul an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. Iwwer seng Relatioun zu senge Labelcheffen, de Gebridder Dewaele vu Soulwax, an d’Rees duerch seng Originnen huet hien haut am Nomëtteg beim Soundcheck mam Marc Clement aus der Kulturredaktioun geschwat.

Kultur
Musek
Rock a Pop
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

"Monique s'évade" vum Edouard Louis

"Monique s'évade" vum Edouard Louis

Eist Buch vun der Woch an der Kritik
headphones

20 min

play_arrow

Collections/Revelations: Modern an zäitgenëssesch Konscht am Nationalmusée um Fëschmaart

Eng Selektioun aus der moderner an zäitgenëssescher Konschtsammlung vum Musée, zu där och rezent Acquisitioune gehéieren, déi nach ni gewise goufen.
headphones

5 min

play_arrow
Den Jazz-Crossover-Quintett LINQ bréngt seng éischt LP "Between Worlds“ eraus

Den Jazz-Crossover-Quintett LINQ bréngt seng éischt LP "Between Worlds“ eraus

De Mateusz Wojda ass den Tieftonkünstler, also Bassist, deen dem Jazz-Quintett LINQ seng Musek dirigéiert.
headphones

11 min

play_arrow

Nom Saar-Lux-Kënschtler:innen-Austausch Artmix 2024 d’Expo am Cercle Cité

“Gossip” war de Motto vun der Saar-Lux-Kënschtler:inne-Residenz Artmix 2024
headphones

6 min

play_arrow
Ongewéinlechen Edward Steichen

Ongewéinlechen Edward Steichen

Mat “From aerial views to pink suits. A fresh perspective on Edward Steichen” liwwert den Nationalmusée en Abléck an eng Rei Fotografië vum lëtzebuergesch-amerikanesche Fotograf, déi zum Deel nach ni gewise goufen.
headphones

8 min

play_arrow
De Prix de la photographie Clervaux fir d'Nazanin Hafez | © Nazanin Hafez

De Prix de la photographie Clervaux fir d'Nazanin Hafez

D'Expo Prix de la photographie am Klierfer Brahaus
headphones

11 min

play_arrow
Nei Musek: Charli XCX - Brat

Nei Musek: Charli XCX - Brat

Gefiller, keng Befindlechkeeten
headphones

10 min

play_arrow
Nei Musek: Charli XCX - Brat

Nei Musek: Charli XCX - Brat

Gefiller, keng Befindlechkeeten
headphones

5 min

play_arrow
Franz Kafka 100 Joer dout, säi “Brief an den Vater” onstierflech

Franz Kafka 100 Joer dout, säi “Brief an den Vater” onstierflech

Kritik vum Stéck “Brief an den Vater”
headphones

5 min

play_arrow

"Alphabet - 26 Theaterminiaturen für eine sich erwärmende Welt" am Kasemattentheater

Vun Trauerweiden an CO2-Staubsaugeren
headphones

9 min

play_arrow
De Kulturagenda vun der Woch

De Kulturagenda vun der Woch

Déi zweet Woch vum Monodrama Festival, e Mëttelalterfest, de Marché de la poésie, a villes méi
headphones

7 min

play_arrow
Faarwen a Kläng

Faarwen a Kläng

Op Basis vu senger eegener Perceptioun vermécht de Camille Kerger a senger neier Kompositioun ARC-EN-CIEL d'Sënner "Kucken" an "Héieren".
headphones

7 min

play_arrow

(Bal) all Dag ee Concert

Den Atelier fänkt mat sengem Summer-Concert-Marathon un.
headphones

13 min

play_arrow

Crosses - Chino Moreno a Shaun Lopez

Crosses, den Zesummeschloss vum Defrones-Sänger Chino Moreno an dem Produzent Shaun Lopez, spillen de 17. Juni am Atelier.
headphones

14 min

play_arrow

De Musée vu muer

D’Mudam-Saison huet zanter dem leschten Hierscht den Ënnertitel “Rethinking the museum”; bei engem ëffentleche Symposium ka sech elo och de Public um Débat bedeelegen.
headphones

13 min

play_arrow

Eng éischte Kéier zu Lëtzebuerg

D'Gala vum Europäesche Kulturpräis gëtt haut den Owend (07.06.) fir déi éischte Kéier zu Lëtzebuerg gefeiert. Sechs vun zeng Laureate sinn aus der Klassik.
headphones

4 min

play_arrow

Crosses an zéng Deeg am Atelier

Crosses, den Zesummeschloss vum Deftones-Sänger Chino Moreno an dem Produzent Shaun Lopez, spillen de 17. Juni am Atelier.
headphones

13 min

play_arrow

Daniel Wagener zweemol

Aktuell kënnt Dir op zwou verschiddene Plazen entdecken, wéi de Fotokënschtler a Grafiker Daniel Wagener Alldagsbanalitéite clever hannerfreet: am CNA zu Diddeleng, an an der Valerius Art Gallery.
headphones

6 min

play_arrow

Rentrée littéraire (9) "Fabriquer une femme" vun der Marie Darrieussecq

Les princesses de Clève
headphones

11 min

play_arrow
“Schaufensterbummel” a “Lèche-vitrines” ware gëschter

“Schaufensterbummel” a “Lèche-vitrines” ware gëschter

Um Europawale-Weekend feieren den Nationalmusée um Fëschmaart an de Lëtzebuerg City Museum, mam urban history festival zu Bouneweg, Europa: convivial an immersif Evenementer.
headphones

20 min

play_arrow