Radioen

On air

Mat Groove a Séil  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Bolis Pupul op de Congés Annulés

Bolis Pupul op de Congés Annulés

headphones

19 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Als Bandmember huet seng Karriär ugefaangen, duerno Solo weidergemaach a senger Heemechtsstad Ghent. Säin Debutalbum huet hien zesumme mat senger belscher Kompatriotin a Sängerin Charlotte Adigéry am Duo erausbruecht, domat ee grousse Worf gelant an ënner anerem och schonn zu Berlin am Berghain opgeluecht.
Fir seng lescht Plack “Letter to Yu” huet hie sech mam Doud vu senger chineesescher Mamm beschäftegt, déi 2008 tragesch mam Auto verongléckt ass, an et ass eng erstaunlech net-traureg Plack ginn.
Haut den Owend (1.8.) steet de Bolis Pupul an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. Iwwer seng Relatioun zu senge Labelcheffen, de Gebridder Dewaele vu Soulwax, an d’Rees duerch seng Originnen huet hien haut am Nomëtteg beim Soundcheck mam Marc Clement aus der Kulturredaktioun geschwat.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Annonce vun engem produktiven Duo

Blixa Bargeld an Teho Theato: Neies vum Industrial-Pionéier a Performancekënschtler Blixa Bargeld ass an der Maach.

Schnéiwittchen façon Emmi Martija

D'Emmi Martija léisst bei der soziokultureller ASBL Coopérations hirer Imaginatioun fräie Laf. D'Resultat: d'Mäercheparodie "Regenwittchen".

D'Visioune vun der Nationalbibliothéik

Fënnef Projete goufe finaliséiert, déi den Accès, d'Benotzen an d'Flexibilitéit vun de Lieser sollen optimiséieren.

Am Mainstream säin eegene Flow fannen

"Mamacita" heescht déi lescht Single vum Turnup Tun, alias Tun Tonnar - en neien Album ass fir d'Fréijoer geplangt.

D'Visioune vun der Nationalbibliothéik

Fënnef Projete goufe finaliséiert, déi den Accès, d'Benotzen an d'Flexibilitéit vun de Lieser sollen optimiséieren.

Waarme Soul géint gro Téin

The Ruffcats heescht eng renomméiert Berliner Soulband an un de Perkussiounsinstrumenter steet hei e Lëtzebuerger: de Jean-Luc Jossa.

Den Atelier huet eng grouss Saison ustoen

De Promoteur kuckt op ee Rekordjoer 2022 zeréck, an deem d'Zuel vun de Visiteure bei Atelier-Evenementer vis-à vis vun 2019 vun 160.000 op 190.000 geklommen ass.

D'Stëmm erhiewe fir méi Zivilcourage

Mat "Schreien ist Gold" presentéiert The Tame and the Wild eng nei Single, an där et dorëm geet seng Stëmm géint Mëssstänn ze erhiewen.
"Im Herzen des Orchesters"

"Im Herzen des Orchesters"

Concert vum Orchestre de Chambre du Luxembourg am Kinneksbond zu Mamer (16.12.)

Moof feieren 30 Joer mat engem Museksfest

Wéi all Joer invitéiert d'Moofest dëse Samschdeg op een Owend gefëllt mat Bands vun heiheem, Bands, déi iwwer d'Heiheem oder an der Landessprooch sangen an awer och mat Gäscht aus der Grouss

Eurovision mat Lëtzebuerger Bedeelegung?

De Regierungsrot denkt erëm iwwer eng Participatioun vu Lëtzebuerg beim Eurovision Song Contest no. D'Rechnung kéint allerdéngs eng gepeffert ginn.

Däischter Stëmmungsmusek

Dem Angelo Badalamenti seng Musek ass ontrennbar verbonne mam Kino vum David Lynch. Elo ass de Komponist am Alter vu 85 Joer verstuerwen.

Kleng Bicher - Grouss Geschichten

Bei Editions Kremart goufen eng Rei Mini-Geschichte publizéiert.

Den Atelier huet eng grouss Saison ustoen

De Promoteur kuckt op ee Rekordjoer 2022 zeréck, an deem d'Zuel vun de Visiteure bei Atelier-Evenementer vis-à vis vun 2019 vun 160.000 op 190.000 geklommen ass.

Katharina Bintz - Valley Girl

"Wat ech héiere si Stëmmen an engem Chouer. Meng ass net méi derbäi."

D'Nancy Braun zum Theema Architektur a Kulturhaaptstad

Bei engem Kulturhaaptstad-Joer sti fir de Public kulturell Evenementer am Mëttelpunkt. Wat fir eng Roll spillt d'Architektur an deem Kontext?

Nohall ESCH2022

Bei engem Kulturhaaptstad-Joer ginn heefeg déi gréisst Montanten an d'Infrastruktur investéiert. Wat fir eng Roll spillen Architektur an Urbanisatioun konkret an deem Kontext?

Nohall ESCH2022

Bei engem Kulturhaaptstad-Joer ginn heefeg déi gréisst Montanten an d'Infrastruktur investéiert. Wat fir eng Roll spillen Architektur an Urbanisatioun konkret an deem Kontext?