Radioen

On air

Vue sur mer  |  Peter Tosh - Johnny B. Goode

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Bolis Pupul op de Congés Annulés

Bolis Pupul op de Congés Annulés

headphones

19 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Als Bandmember huet seng Karriär ugefaangen, duerno Solo weidergemaach a senger Heemechtsstad Ghent. Säin Debutalbum huet hien zesumme mat senger belscher Kompatriotin a Sängerin Charlotte Adigéry am Duo erausbruecht, domat ee grousse Worf gelant an ënner anerem och schonn zu Berlin am Berghain opgeluecht.
Fir seng lescht Plack “Letter to Yu” huet hie sech mam Doud vu senger chineesescher Mamm beschäftegt, déi 2008 tragesch mam Auto verongléckt ass, an et ass eng erstaunlech net-traureg Plack ginn.
Haut den Owend (1.8.) steet de Bolis Pupul an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. Iwwer seng Relatioun zu senge Labelcheffen, de Gebridder Dewaele vu Soulwax, an d’Rees duerch seng Originnen huet hien haut am Nomëtteg beim Soundcheck mam Marc Clement aus der Kulturredaktioun geschwat.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Vu Klang a Kierper

Och wann et munchmol e schwieregt Theema ka sinn, esou gouf de Sujet Familljeplanung erstaunlech dacks an der Popmusek verschafft.
headphones

3 min

play_arrow

"Ärztin ohne Furcht und Tabus"

D'Josiane Kartheiser huet eng Biografie vun der Dr. Marie-Paule Molitor-Peffer verfaasst a bei Editions Phi publizéiert.
headphones

4 min

play_arrow

Hanner Gitter mat der Gittar

Dëst Joer feiert e legendäre Live-Album e ronne Gebuertsdag: "At Folsom Prison" vum Johnny Cash, opgeholl op engem 13. Januar 1968.
headphones

3 min

play_arrow

Musek mat Ecken oder ouni?

Nieft senger Aktivitéit als Auteur a Schauspiller ass de Luc Spada och als Museker ënnerwee. 2023 stellt hien eng nei Single vir.
headphones

2 min

play_arrow

D'Wuert vun der Woch ass (keng) Fata Morgana

E Physiker kann eng Fata Morgana rationell erklären; den Auteur Jean Portante interesséiert d'Geschicht hanner zwee geheimnisvolle Wierder.
headphones

8 min

play_arrow

Musek mat Ecken oder ouni?

Nieft senger Aktivitéit als Auteur a Schauspiller ass de Luc Spada och als Museker ënnerwee. 2023 stellt hien eng nei Single vir.
headphones

2 min

play_arrow
Filmkritik: "The Pale Blue Eye" (Netflix)

Filmkritik: "The Pale Blue Eye" (Netflix)

An deem historesche Krimi soll en Enquêteur eng Mordserie an enger Militärakademie opklären, mat Hëllef vum deemolege Kadett Edgar Alan Poe.
headphones

4 min

play_arrow

Kultur | lx "iwwerhëlt" d'Biennale vu Venedeg

D'Kommunikatioun ronderëm de Lëtzebuerger Pavillon op der Biennale vu Venedeg, d'Sammele vu Connaissancen a Kontakter geet u Kultur | lx.
headphones

4 min

play_arrow
"The piano is an extension of your body"

"The piano is an extension of your body"

Concert vum Pianist Jan Lisiecki zesumme mam OPL an dem Dirigent Krzysztof Urbański (13.01.)
headphones

4 min

play_arrow
Literatur aus Lëtzebuerg - gäre gelies?

Literatur aus Lëtzebuerg - gäre gelies?

Op den nationalen Assise vum Buch, der Literatur an der Editioun ass och iwwer d'Lieser:innen am Kontext vun der Lëtzebuerger Literatur geschwat ginn.
headphones

4 min

play_arrow

Daydream

Concert fir d'Sortie vum alleréischten Album vun der Mezzosopranistin Naama Liany
headphones

3 min

play_arrow

All onglécklech Famill ass onglécklech op hir Manéier

"Gestern waren wir noch Kinder" heescht eng Serie, déi aktuell um ZDF ze gesinn ass. Eng zentral Roll spillt hei d'Musek vun Depeche Mode.
headphones

5 min

play_arrow

Inspired by Steichen

50 Joer nom Edward Steichen sengem Doud konfrontéiert de Conservateur Ruud Priem seng Fotografien, fir en neie Bléck, mat aktuelle Kënschtler.
headphones

4 min

play_arrow

Rezensioun vun der Publikatioun "Fundstücke-Trouvailles 5"

Fundstücke-Trouvailles mat Artikelen zu Theeme vun der lëtzebuergescher Literatur an iwwer d'Archivbestänn vum Lëtzebuerger Literaturarchiv.
headphones

3 min

play_arrow

Fir Stëmmen ofstëmmen

Dës Woch huet de Museksmagasinn Rolling Stone déi 200 beschte Sänger:innen erausgesicht. Eng Lëscht, déi fir vill Diskussioune suergt.
headphones

8 min

play_arrow

Schreiwen iwwer Musek

Ëm Musek an Erënnerung geet et a "Stay True" vum taiwaneesesch-amerikaneschen Auteur Hua Hsu, engem vun de beschte Museksbicher vum Joer.
headphones

7 min

play_arrow

Opgewiermtes um Plackenteller

Déi lescht Jore waren haart fir d'Museksindustrie - ass d'Nostalgie de Grond, firwat dëst Joer souvill Coveralbumen op de Maart koumen?
headphones

9 min

play_arrow

Vill schéi Wierder am neie Joer wënscht de Jean Portante

Gléck? Nei? Joer? Fir säin éischt Wuert vun der Woch am neie Joer huet de Jean Portante decidéiert, Iech den Term "Joer" méi nozebréngen.
headphones

8 min

play_arrow

Fir Stëmmen ofstëmmen

Dës Woch huet de Museksmagasinn Rolling Stone déi 200 beschte Sänger:innen erausgesicht. Eng Lëscht, déi fir vill Diskussioune suergt.
headphones

8 min

play_arrow

Rezensioun vun der Publikatioun "Fundstücke-Trouvailles 5"

Fundstücke-Trouvailles mat Artikelen zu Theeme vun der lëtzebuergescher Literatur an iwwer d'Archivbestänn vum Lëtzebuerger Literaturarchiv
headphones

5 min

play_arrow