Radioen

On air

Notturno  |  James Blake - Before

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Bolis Pupul op de Congés Annulés

Bolis Pupul op de Congés Annulés

headphones

8 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Als Bandmember huet seng Karriär ugefaangen, duerno Solo weidergemaach a senger Heemechtsstad Ghent. Säin Debutalbum huet hien zesumme mat senger belscher Kompatriotin a Sängerin Charlotte Adigéry am Duo erausbruecht, domat ee grousse Worf gelant an ënner anerem och schonn zu Berlin am Berghain opgeluecht.
Fir seng lescht Plack “Letter to Yu” huet hie sech mam Doud vu senger chineesescher Mamm beschäftegt, déi 2008 tragesch mam Auto verongléckt ass, an et ass eng erstaunlech net-traureg Plack ginn.
Haut den Owend (1.8.) steet de Bolis Pupul an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. Iwwer seng Relatioun zu senge Labelcheffen, de Gebridder Dewaele vu Soulwax, an d’Rees duerch seng Originnen huet hien haut am Nomëtteg beim Soundcheck mam Marc Clement aus der Kulturredaktioun geschwat.

Kultur
Musek
Rock a Pop
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Irem - I Love You?

Irem - I Love You?

Pop ass de Spigel vun der Welt
headphones

3 min

play_arrow

Een Tuer a fënnef Plazen

Een Iwwerbléck vun de fënnef Skulpturen, déi am Kader vun der Luxembourg Art Week duerch d‘Stad verdeelt sinn.
headphones

4 min

play_arrow

Dem Auteur a Linguist Jean Portante säi Wuert vun der Woch ass déi Kéier Bréifdréier

D'Wuert Bréifdréier huet näischt spektakuläres, mee d'Geschicht iwwert seng Originne dach.
headphones

10 min

play_arrow

Dem Romain Urhausen seng Steel Lifes

D‘Escher Galerie Schlassgoart presentéiert dem Fotograf Romain Urhausen seng schwaarzwäiss Steel Lifes.
headphones

5 min

play_arrow

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun den neie Filmer mam Michel Delage.
headphones

4 min

play_arrow
Filmkritik: A Cup of coffee and new shoes on (CinEast)

Filmkritik: A Cup of coffee and new shoes on (CinEast)

Dësen albanesche Film erzielt déi tragesch Geschicht vun zwee gehéierlosen Zwillingsbridder. De Michel Delage mat enger Kritik.
headphones

4 min

play_arrow

Nei am Kino

De Michel Delage mam Iwwerbléck vun der neier Kinoswoch.
headphones

4 min

play_arrow

Léa et la théorie des systèmes complexes

Renelde Pierlot a Ian De Toffoli am Gespréich iwwer hir nei Theaterproduktioun
headphones

5 min

play_arrow

D'Waasserdréier vum Literaturbetrib

Dem Luc François säin neie Roman "Wasserstand" (Kremart Edition) ass e bësse méi wéi just e Stuerm am Waasserglas.
headphones

4 min

play_arrow

D‘Fotografin Anne Speltz an hir nei Fotoausstellung

Een Interview mat der Fotografin iwwer hir Expo “I Am Waiting For The Happiness”
headphones

4 min

play_arrow

"Elena" am Groussen Theater

D'Myriam Muller huet eng Adaptatioun vum Film vum russesche Regisseur Swjaginzew gemaach.
headphones

8 min

play_arrow

Nei am Kino

De Programm vun der Filmwoch
headphones

4 min

play_arrow

Dat réimescht Lissabon

Fënnef Joerhonnerte laang huet Lissabon zum Réimesche Räich gehéiert.
headphones

4 min

play_arrow

"Inclusioun a Bünekonscht“: en Debat an der Banannefabrik op Invitatioun vun der ASPRO

Wëllen a kënne Mënsche mat Beanträchtegung zu Lëtzebuerg professionell Bünekënschtler ginn?
headphones

60 min

play_arrow

D'Wuert vun der Woch "Theater"

De Jean Portante erkläert d'Originne vum Wuert Theater an alles, wat domat verbonnen ass.
headphones

9 min

play_arrow

D'Margret Steckel, Laureatin vum Batty Weber-Präis

Feierlech Präisiwwerreechung am Nationale Literaturarchiv zu Miersch
headphones

4 min

play_arrow

Klangkonscht op der Nuit des musées

"Soundart“: eng Aart Sound ... oder méi?
headphones

5 min

play_arrow

Nei am Kino

Den Iwwerbléck vun den neie Filmer
headphones

4 min

play_arrow

"Madame Köpenick" duebel ausgezeechent

Dem Guy Helminger säi Stéck gouf mam Lëtzebuerger Theaterpräis ausgezeechent, grad esou d'Brigitte Urhausen fir hir Roll an dësem Stéck.
headphones

5 min

play_arrow

D'Wuert vun der Woch: Persoun

Et gëtt Wierder, déi mir all Dag gebrauchen, mee vun deene mir iwwerrascht sinn, wa mir hir Geschicht ënner d’Lupp huelen.
headphones

9 min

play_arrow