Radioen

On air

Notturno  |  Mat Groove a Séil

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Bolis Pupul op de Congés Annulés

Bolis Pupul op de Congés Annulés

headphones

19 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Als Bandmember huet seng Karriär ugefaangen, duerno Solo weidergemaach a senger Heemechtsstad Ghent. Säin Debutalbum huet hien zesumme mat senger belscher Kompatriotin a Sängerin Charlotte Adigéry am Duo erausbruecht, domat ee grousse Worf gelant an ënner anerem och schonn zu Berlin am Berghain opgeluecht.
Fir seng lescht Plack “Letter to Yu” huet hie sech mam Doud vu senger chineesescher Mamm beschäftegt, déi 2008 tragesch mam Auto verongléckt ass, an et ass eng erstaunlech net-traureg Plack ginn.
Haut den Owend (1.8.) steet de Bolis Pupul an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. Iwwer seng Relatioun zu senge Labelcheffen, de Gebridder Dewaele vu Soulwax, an d’Rees duerch seng Originnen huet hien haut am Nomëtteg beim Soundcheck mam Marc Clement aus der Kulturredaktioun geschwat.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

En Owend mam Auteur Romain Butti um LiteraTOUR 2021

"Ech fänken u selwer ze schreiwen, well ech Angscht hat, d'Freed um Liesen ze verléieren".

Theater: De Sex vu sech selwer Friemen

Emotional Ofhängegkeet ass näischt Schéines. Am Stéck "Sex With Strangers" verfält eng zukünfteg Schrëftstellerin engem narzisstesche Bestseller-Auteur.

Theater: De Sex vu sech selwer Friemen

Emotional Ofhängegkeet ass näischt Schéines. Am Stéck "Sex With Strangers" verfält eng zukünfteg Schrëftstellerin engem narzisstesche Bestseller-Auteur.

De Ris reest op Esch 2022

D'Projete vun der Gemeng Beetebuerg fir Esch 2022 sinn esou gutt wéi prett.

De Ris reest op Esch 2022

D'Projete vun der Gemeng Beetebuerg fir Esch 2022 sinn esou gutt wéi prett.

Zeechnen nom Attenat

Zeechnen nom Attenat

Fir den 100. Gebuertsdag vum Pe'l Schlechter

De bekannten Illustrator an Auteur Pe'l Schlechter koum den 20. Abrëll 1921 zu Lëtzebuerg op d'Welt: also haut viru genee 100 Joer.

Portrait vum Sir Peter Ustinov (1921-2004)

100 Joer hätt dee villsäitege kriteschen Acteur de leschte Freideg gefeiert. An Erënnerung bleift hien net nëmmen als Detektiv Hercule Poirot.

Seriekritik: "The Serpent"

Atmosphäresch bedréckend BBC-Fiktioun iwwer e Seriekiller, deen an den 1970er Jore westlech Touristen ausgeraibert an ëmbruecht hat. Op Netflix ze gesinn.

Seriekritik: "The Serpent"

Atmosphäresch bedréckend BBC-Fiktioun iwwer e Seriekiller, deen an den 1970er Jore westlech Touristen ausgeraibert an ëmbruecht hat. Op Netflix ze gesinn.

Claude Mangen

Vum Comptabel zum signifikante Personnage an der Kulturzeen

Houellebecq: Gäre bereet op 'Würd' ze verzichten

Mat enger Tribün am konservative Le Figaro huet sech de franséische Schrëftsteller lescht Woch zum Theema Euthanasie zu Wuert gemellt.

"Dëse Roman huet mat 'Faserland' net vill ze dinn"

A sengem neie Roman "Eurotrash" fiert e fiktionaliséierte Christian Kracht mat senger alkoholkranker an inkontinenter Mamm duerch d'Schwäiz fir d'Familljefortune ze verprassen.

LiteraTour 2021

Vum 18. bis den 30. Abrëll steet Beetebuerg ganz am Zeeche vun der Literatur.

LiteraTour 2021

Vum 18. bis den 30. Abrëll steet Beetebuerg ganz am Zeeche vun der Literatur.

De Robert Brandy (er)fënnt ëmmer nach nei Weeër

De Robert Brandy feiert 2021 e ronne 75. Gebuertsdag a kuckt op 50 Joer erfollegräich Kënschtlerkarriär zeréck. Den MNHA feiert mat.

Den DemokratieLabo an der Abtei Neimënster

Eng radiophonesch Visite guidée duerch d'Expo, déi spilleresch de Sujet Demokratie thematiséiert.

De Robert Brandy an d'Angscht virum wäisse Blat

Zanter 1993 jot de Moler Robert Brandy dem Phantom Bolitho Blane no, versicht, de Personnage mat Hëllef vun der Konscht ze paken ze kréien.

De Robert Brandy an d'Angscht virum wäisse Blat

Zanter 1993 jot de Moler Robert Brandy dem Phantom Bolitho Blane no, versicht, de Personnage mat Hëllef vun der Konscht ze paken ze kréien.