Radioen

On air

Notturno  |  Einstürzende Neubauten - Youme & Meyou

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Bolis Pupul op de Congés Annulés

Bolis Pupul op de Congés Annulés

headphones

19 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Als Bandmember huet seng Karriär ugefaangen, duerno Solo weidergemaach a senger Heemechtsstad Ghent. Säin Debutalbum huet hien zesumme mat senger belscher Kompatriotin a Sängerin Charlotte Adigéry am Duo erausbruecht, domat ee grousse Worf gelant an ënner anerem och schonn zu Berlin am Berghain opgeluecht.
Fir seng lescht Plack “Letter to Yu” huet hie sech mam Doud vu senger chineesescher Mamm beschäftegt, déi 2008 tragesch mam Auto verongléckt ass, an et ass eng erstaunlech net-traureg Plack ginn.
Haut den Owend (1.8.) steet de Bolis Pupul an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. Iwwer seng Relatioun zu senge Labelcheffen, de Gebridder Dewaele vu Soulwax, an d’Rees duerch seng Originnen huet hien haut am Nomëtteg beim Soundcheck mam Marc Clement aus der Kulturredaktioun geschwat.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Lady Rosa of Luxembourg geet an den Theater

Den Théâtre du Centaure presentéiert seng nei Produktioune weiderhin a méi grousse Partnerhaiser.

D'Hélène Mutter "schwëmmt" an Neimënster

Mat Archivbiller oder eegene Fotoe versicht d'Kënschtlerin Hélène Mutter Konflikter duerch d'Konscht anescht gräifbar ze maachen.

Nei Saison am Théâtre Ouvert Luxembourg

"Le cri" ass d'Leitmotiv vun der neier Saison am Théâtre Ouvert Luxembourg.

Konscht pour tous an der Stad?

Wéi gesäit d'Kulturoffer an der Stad aus? U wie riicht se sech? Wat kéint ee besser maachen? Eng Diskussiounsronn huet viru Kuerzem no Äntwerte gesicht.

Amanda Gorman - The Hill We Climb - Den Hügel hinauf

D'Gedicht vun der amerikanescher Lyrikerin, virgedroe bei der Investitur vum Joe Biden, koum elo an enger englesch-däitscher Ausgab bei Hoffmann & Campe eraus.

Mëttel- an osteuropäesche Filmhierscht

Déi 14. Editioun vum CinEast-Festival (7.-24. Oktober) leeft - Covid oblige - nees an enger hybrider Formule iwwer d'Bün: deels am Kino, deels Online.

Amanda Gorman - The Hill We Climb - Den Hügel hinauf

D'Gedicht vun der amerikanescher Lyrikerin, virgedroe bei der Investitur vum Joe Biden, koum elo an enger englesch-däitscher Ausgab bei Hoffmann & Campe eraus.

Les Rencontres d'Arles, déi lescht fir 2021

D'Rencontres d'Arles zielen zu de wichtegste Fotokonschtfestivaller weltwäit. Zanter fënnef Joer sinn och Lëtzebuerger dobäi. Hire Bilan?

Les Rencontres d'Arles, déi lescht fir 2021

D'Rencontres d'Arles zielen zu de wichtegste Fotokonschtfestivaller weltwäit. Zanter fënnef Joer sinn och Lëtzebuerger dobäi. Hire Bilan?

14. Editioun vum Printemps des poètes

D'Fréijoer gouf an den Hierscht verluecht. "Le désir" ass de Sujet vum Lyrikfestival, an deem ass d'Joreszäit egal.

Däitschsproocheg Literaturkritik an der Nationalbibliothéik

"Literatur hoch 3" heescht d'Konzept vum fräie Literaturkritiker Jérôme Jaminet. Dräi Bicher, dräi Länner, dräi Kritiker.

En Highlight vun der London Fashion Week 2021

D'London Fashion Week gehéiert zu de Big Four vun de Moudewochen. Zougelooss si just Invitéen a Leit aus der Moudebranche ... an d'Medien!

En Highlight vun der London Fashion Week 2021

D'London Fashion Week gehéiert zu de Big Four vun de Moudewochen. Zougelooss si just Invitéen a Leit aus der Moudebranche ... an d'Medien!

D'Konschtprojete fir Dubai

Ënner dem Motto "Mir wëlle bleiwen, wat mir ginn" presentéiert sech de kulturelle Volet vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung.

Keng "Providencia": Les Rencontres d'Arles ginn op en Enn

Enn September montéieren den Daniel Reuter an d'Lisa Kohl hir Fotoen zu Arles of, fir se bei der Ouverture vun der Konschthal Esch ze weisen.

D'Konschtprojete fir Dubai

Ënner dem Motto "Mir wëlle bleiwen, wat mir ginn" presentéiert sech de kulturelle Volet vum Lëtzebuerger Pavillon op der Weltausstellung.