Radioen

On air

9 bis 1  |  Fleet Foxes - Quiet Houses

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Bolis Pupul op de Congés Annulés

Bolis Pupul op de Congés Annulés

headphones

19 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De Bolis Pupul, mat richtegem Numm Boris Zeebroek, ass net egal wien, wann et ëm elektronesch Popmusek geet. Als Bandmember huet seng Karriär ugefaangen, duerno Solo weidergemaach a senger Heemechtsstad Ghent. Säin Debutalbum huet hien zesumme mat senger belscher Kompatriotin a Sängerin Charlotte Adigéry am Duo erausbruecht, domat ee grousse Worf gelant an ënner anerem och schonn zu Berlin am Berghain opgeluecht.
Fir seng lescht Plack “Letter to Yu” huet hie sech mam Doud vu senger chineesescher Mamm beschäftegt, déi 2008 tragesch mam Auto verongléckt ass, an et ass eng erstaunlech net-traureg Plack ginn.
Haut den Owend (1.8.) steet de Bolis Pupul an de Rotonden am Kader vun de Congés annulés op der Bün. Iwwer seng Relatioun zu senge Labelcheffen, de Gebridder Dewaele vu Soulwax, an d’Rees duerch seng Originnen huet hien haut am Nomëtteg beim Soundcheck mam Marc Clement aus der Kulturredaktioun geschwat.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

"other spaces" vun der Noémie Goudal

D'Fotografin kreéiert, ganz ouni virtuell Trickkëscht, Fantasie-Landschaften, duerch déi een d'Welt anescht, nei, denke kann.

Marie-Henriette Steil - Tier und Mensch

Vun zäertleche Schimpansen, studéierte Wierm, arroganten Dackelen, verzauberende Reewierm a villes méi ... e Lauschterbuch.

"other spaces" vun der Noémie Goudal

D'Fotografin kreéiert, ganz ouni virtuell Trickkëscht, Fantasie-Landschaften, duerch déi een d'Welt anescht, nei, denke kann.

Selbstzensur an der Tierkei

In der Türkei hat sich das Klima für Künstlerinnen und Künstler in den vergangenen Jahren stark gewandelt. Viele spüren Druck

Filmkritik: "Lost Daughter"

D'Ekipp vum Grousse Kino schwätzt iwwer dësen éischte Film hanner der Kamera vun der Maggie Gyllenhaal, d'Adaptatioun vun engem Elena-Ferrante-Roman.

Selbstzensur an der Tierkei

In der Türkei hat sich das Klima für Künstlerinnen und Künstler in den vergangenen Jahren stark gewandelt. Viele spüren Druck

De fiktive Sage fou psychologesch gekuckt

De Sage fou gehéiert zum Stammpersonal vu Märercher, Krimien, Horrorfilmer. Mee och d'Psychologie beschäftegt sech intensiv mat weise Gecken.

De fiktive Sage fou psychologesch gekuckt

De Sage fou gehéiert zum Stammpersonal vu Märercher, Krimien, Horrorfilmer. Mee och d'Psychologie beschäftegt sech intensiv mat weise Gecken.

Jean-Paul Maes - Rehaugen

De Coming out vun engem Familljepapp

Danh Vo ... Jan Who?

Den Danh Vo ass haut en international unerkannte Kënschtler. Op der Uni hat e Proff him allerdéngs recommandéiert, mam Molen direkt opzehalen.

Grouss Dreem a kleng Ambitiounen

Als Stierweskranken an d'Wüst vun Nevada ... De Bob Kieffer setzt a senger Kuerzgeschicht "Rachel" en desillusionéierte Banquier an Zeen.

Expo: World Press Photo

Um Parvis vun der Abtei Neimënster ginn déi priméiert Fotoen a Fotogeschichten ausgestallt.

Seriekritik - "Coyotes" (Netflix)

E Grupp vu Scouten entdeckt Diamanten an ... eng Läich! Déi belsch-lëtzebuergesch Co-Produktioun versicht, d'Problemer vu Jugendlechen ze thematiséieren.

Präisiwwerreechung vum Nationale Literaturconcours

Kanner- a Jugendliteratur waren d'Sujeten vum Nationale Literaturconcours.