Panorama
Mëttespanorama
12 min
1. De Presserot begréisst, datt den Informatiounszougang fir Journaliste gesetzlech soll festgehale ginn, mee äussert awer Kritikpunkten um Gesetzestext
2. Op den Olympesche Spiller zu Paräis ass de Ralph Daleiden-Ciuferri am 100-Meter-Crawl den 30. ginn an ass domat eliminéiert, well sech nëmmen déi 16 Séierst fir d’Halleffinalle qualifizéiert hunn
3. All Dag Krich kascht d’Ukrain eegenen Aussoen no ëmgerechent iwwer 120 Milliounen Euro. Déi Zuelen huet den ukrainesche Finanzminister Serhij Martschenko an engem Interview mat der Agence RBK-Ukraine genannt
4. Am Venezuela gouf et bei Protester géint déi ëmstridde Presidentewal Ausernanersetzungen tëschent der Police an Demonstranten. Eng Persoun wier dobäi ëm d‘Liewe komm am Bundesstaat Yaracuy
5. No engem Äerdrutsch am indesche Staat Kerala am Süde vum Land ginn antëschent op d’mannst 63 Doudeger gemellt. D‘Autoritéite fäerten, datt de Bilan vun den Affer nach weider wäert klammen
Presentéiert vum
- Marlène Clement