Panorama
Mëttespanorama
13 min
1. Déi ëffentlech Ausschreiwunge fir Bauprojeten am Gemengesecteur lafen den Ament méi lues. Dat confirméiert de President vum Gemengesyndikat Syvicol
2. Op den 31. Mee dëst Joer waren 1397 Demandeurs d‘Emploi mat engem Unisdiplom no iwwer 12 Méint nach ëmmer bei der ADEM ageschriwwen.
3. Am Süde vum Libanon ginn et zwee Doudeger no enger israeelescher Attack. Aus Sécherheetsgrënn si schonn eng Partie Flich an der Haaptstad Beirut annuléiert ginn
4. Dräi Deeg no der Attack op de franséischen Zuchreseau gouf eng Persoun festgeholl. De franséischen Inneminister mécht Lénksextremiste fir d‘Sabotageakte responsabel
5. Nom grousse Bëschbrand a Kalifornie gouf eng Persoun festgeholl wéinst Verdacht op Brandstëftung. De Mann hätt een Auto, dee Feier gefaangen hat, een déiwe Gruef erofgedréckt
Presentéiert vum
- Marlène Clement