Radioen

On air

Notturno  |  Circle City Band - Magic

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

100komma7.lu / Panorama

/ Owespanorama

Owespanorama

headphones

13 min

Lauschteren play_arrow

1. Den OGBL freet eng Entrevue d’urgence bei der Regierung, grad wéi beim Verwaltungsrot wéinst der Krisesituatioun bei der Caritas
2. Op den Olympesche Spiller zu Paräis huet sech de Bouschéisser Pit Klein am Nomëtteg an der Recurve-Qualifikatioun als 50. ënner 64 Athleete klasséiert
3. déi gréng kritiséieren den neien Energie- a Klimaplang vun der CSV-DP-Regierung. Mesurë wéi d‘Virfinanzéierung vu Solaranlage géingen als “nei“ presentéiert, obwuel déi schonn am viregte Plang dragestanen hätten
4. Bis den 30. August hunn d'EU-Memberlänner Zäit hir Kandidatinnen a Kandidate fir d‘Posten an der neier EU-Kommissioun ze proposéieren.
5. Am Südweste vun Äthiopie klëmmt d‘Zuel vun Doudegen no Äerdrutscher op 257, dat deelt den Nouthëllef-Büro vun de Vereenten Natiounen op der Online-Plattform X mat. Et gëtt mat bis zu 500 Doudesaffer gerechent

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Owespanorama

Steierbarème gëtt um 1. Januar ëm véier Indextranchen ugepasst / Lëtzebuerg ass 2023 an der Rezessioun / Tilly Metz reagéiert op neien EU-Accord iwwer d’Asylrecht

Mëttespanorama

Lëtzebuerg ass an der Rezessioun, 2024 soll d‘Wirtschaft nees lues unzéien / Chômagetaux klëmmt am November op 5,7 % / Accord bei Verhandlungen zu europäescher Asylreform

Moiespanorama

Chamber: Heescheverbuet ee Skandal, esou Taina Bofferding / Donald Trump: Vu Geriicht a Colorado fir d‘Presidentewalen disqualifizéiert / Ukrain: Arméi fuerdert bis zu 500.000 weider Zaldoten

Moiespanorama

Chamber: Heescheverbuet ee Skandal, esou Taina Bofferding / Donald Trump: Vu Geriicht a Colorado fir d‘Presidentewalen disqualifizéiert / Ukrain: Arméi fuerdert bis zu 500.000 weider Zaldoten

Owespanorama

Streik bei Ampacet: Aarbechtsminister ass optimistesch / Otemwee-Infektiounen op héijem Niveau / Spidol al-Ahli Arab an der Gazasträif net méi operationell

Mëttespanorama

Kreeslafkrankheeten an Tumeure sinn Haaptdoudesursaachen zu Lëtzebuerg / ULC enttäuscht vun neier Regierung / Schwéiert Äerdbiewen a China

Moiespanorama

Heescheverbuet: Theema haut an der Chamber / Nordwest-China: Iwwer 100 Doudeger bei Äerdbiewen / Island: Vulkan bei Stad Grindavik ausgebrach

Moiespanorama

Heescheverbuet: Theema haut an der Chamber / Nordwest-China: Iwwer 100 Doudeger bei Äerdbiewen / Island: Vulkan bei Stad Grindavik ausgebrach

Konsultativ Mënscherechtskommissioun kritiséiert Heescheverbuet / OGBL an Direktioun vun Ampacet schwätzen nees mateneen / EU eenegt sech op nei Schuedstoffnorm "Euro 7"

Mëttespanorama

Luc Frieden: Logementsreunioun am Februar / ASTI fuerdert eng Regulariséierung vun de Leit ouni Pabeieren / Serbien: Partei vum President Vucic gewënnt Walen

Moiespanorama

Luc Frieden: Regierung stéing hannert der Decisioun vum Inneminister fir Heescheverbuet an der Stad ze validéieren / Action Solidarité Tiers Monde: Skepsis vis a vis Accord vu Weltklimakonferenz / Däitschland: Fir d‘éischte Kéier gëtt en AfD Kandid