Panorama
Mëttespanorama
12 min
1. D’Finanze vun de Pirate ginn duerchliicht: Dat huet de Büro vun der Chamber de Moien décidéiert. Donieft gouf entscheet, datt de Rechnungshaff all Joer d’Konte vun all de Gruppen a Sensibilitéiten ënner d’Lupp huele soll
2. De Sven Clement huet d’Hoffnung nach net ganz opginn, nees mam Marc Goergen zesummenzeschaffen. Dat sot den Deputéierten a Matgrënner vun de Piraten de Moien am 100,7-Interview
3. Den OGBL ass zouversiichtlech, datt fir d’Personal vun der Caritas eng Léisung fonnt gëtt: Dat sot den zoustännegen Zentralsekretär vum Onofhängege Gewerkschaftsbond Smail Suljic, nodeems gëschter eng Personalversammlung bei der Caritas war
Presentéiert vum
- Eric Ewald