Radioen

On air

Den Nomëtteg  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

100komma7.lu / Panorama

/ Mëttes-Panorama mat den Haaptsujete Finanze vun de Piraten a vun der Caritas

Mëttes-Panorama mat den Haaptsujete Finanze vun de Piraten a vun der Caritas

headphones

12 min

Lauschteren play_arrow

D’Finanze vun de Pirate ginn duerchliicht: Dat huet de Büro vun der Chamber de Moien décidéiert; an de leschten Deeg war et jo zu Behaaptungen iwwer e privat Notze vu Sue komm, déi d’Parlament der politescher Sensibilitéit zur Verfügung stellt. D’Chamber wëll elo eng Kopie vun all de Finanzdokumenter vun de Pirate kréien, zanter 2018; dës Dokumenter ginn dann direkt vum Parlament un d’Cour des Comptes weidergeleet. Donieft gouf entscheed, dass de Rechnungshaff all Joer d’Konte vun all de Gruppen a Sensibilitéiten ënnert d’Lupp huele soll.

De Sven Clement huet d’Hoffnung nach net ganz opginn, nees en Terrain d’entente mam Marc Goergen ze fannen, deen et erlaabt, fir weider zesummen ze schaffen. Dat sot den Deputéierten a Matgrënner vun de Piraten de Moien am 100,7-Interview. Et misst een net bescht Kollege sinn, fir Politik ze maachen, sou de Sven Clement. Hien hätt e puermol eng extern Médiatioun proposéiert, fir déi intern Konflikter opzeschaffen. Do missten allerdings béid Säite matzéien, an dofir hätt bis elo op där anerer Säit de Wëlle gefeelt.

Den OGBL ass zouversiichtlech, dass fir d’Personal vun der Caritas eng Léisung fonnt gëtt: Dat sot den zoustännegen Zentralsekretär vum Onofhängege Gewerkschaftsbond, Smail Suljic, nodeems gëschter eng Personalversammlung bei der Caritas war. Muar de Mëtten ëm halwer zwou kënnt dann déi zoustänneg Chamberkommissioun zesummen, fir iwwert d’Situatioun bei der Caritas ze schwätzen.

Politik a Gesellschaft
Noriichten
mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Moiespanorama

Regierungsrot huet verschäerfte Platzverweis ugeholl / Gilles Roth presentéiert Steiererliichterungen / Joe Biden huet Corona
headphones

13 min

play_arrow

Owespanorama

Finanzminister: steierlech Entlaaschtungen / Nationale Klima- an Energie-Plang gouf aktualiséiert / Charline Mathis hält als Profi-Sportlerin op
headphones

14 min

play_arrow

Mëttespanorama

EU-Vaccin-Kontrakter musse verëffentlecht ginn / Marc Angel ass Quästor am EU-Parlament / MH17 Vol virun 10 Joer ofgeschoss
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Frankräich: Emmanuel Macron huet Demissioun vu Premier a Regierung ugeholl / Paräis: Buergermeeschterin Anne Hidalgo soll de Moien an d‘Seine schwamme goen / Fussball: Lëtzebuerger Damme behale Chance op EM Qualifikatioun
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Frankräich: Emmanuel Macron huet Demissioun vu Premier a Regierung ugeholl / Paräis: Buergermeeschterin Anne Hidalgo soll de Moien an d‘Seine schwamme goen / Fussball: Lëtzebuerger Damme behale Chance op EM Qualifikatioun
headphones

13 min

play_arrow

Owespanorama

Kritik Oppositioun Hesper Gemengerot un Astellung / déi Lénk Kritik u Regierung / Xavier Bettel zu Boykott-Decisioun EU-Kommissioun géint Ungarn
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

Kritik un Hesper Personaldecisioun / Virgezunne Statutenännerung bei de Piraten / Southgate net méi Trainer bei englescher Nationalekipp
headphones

13 min

play_arrow

Moiespanorama

Dick Schoof: Neien hollännesche Premier op Visitt zu Lëtzebuerg / Donald Trump: Offiziell als republikanesche Presidentschaftskandidat nominéiert / Frankräich: Gauche weider oneens iwwer Propos fir Premiers-Posten
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

Dick Schoof: Neien hollännesche Premier op Visitt zu Lëtzebuerg / Donald Trump: Offiziell als republikanesche Presidentschaftskandidat nominéiert / Frankräich: Gauche weider oneens iwwer Propos fir Premiers-Posten
headphones

13 min

play_arrow

Owespanorama

Piraten: Presseiessen am Schiet vun der Demissioun vum Ben Polidori / Georges Mischo wëllt neie Verwaltungsrot vu ProActif séier gesinn / Dokumentenaffär: Prozess géint Donald Trump gouf gestoppt
headphones

13 min

play_arrow

Mëttespanorama

Ben Polidori verléisst Piratepartei / Trump wëllt d'USA zesummebréngen / Thomas Müller net méi an der däitscher Nationalekipp
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

USA: Joe Biden warnt viru Gewalt am Walkampf / Donald Trump: Nom Attentat ass de fréieren US-President zu Milwaukee fir de republikanesche Parteidag ukomm / Fussball: Spuenien ass Europameeschter
headphones

12 min

play_arrow

Moiespanorama

USA: Joe Biden warnt viru Gewalt am Walkampf / Donald Trump: Nom Attentat ass de fréieren US-President zu Milwaukee fir de republikanesche Parteidag ukomm / Fussball: Spuenien ass Europameeschter
headphones

11 min

play_arrow

headphones

9 min

play_arrow

Moiespanorama

Mordversuch op Donald Trump / Hamas kéint Negociatioune mat Israel ofbriechen / Olympesch Flam kënnt zu Paräis un
headphones

10 min

play_arrow

Mëttespanorama

LSAP-Nationalkongress wielt nei Parteispëtzt / Verwaltungsrot stellt sech hanner Science Center / Attack op Flüchtlingscamp an der Gazasträif
headphones

10 min

play_arrow

Moiespanorama

Ausseruerdentlechen LSAP-Nationalkongress / Uebstbauere fuerdere weidere Waasserdësch / Ungaresche Premier beim Donald Trump
headphones

9 min

play_arrow

Moiespanorama

Ausseruerdentlechen LSAP-Nationalkongress / Uebstbauere fuerdere weidere Waasserdësch / Ungaresche Premier beim Donald Trump
headphones

9 min

play_arrow

Owespanorama

Claude Meisch weist sech preoccupéiert iwwer de Malaise am Mamer Lycée / Mëttwoch: Ukënnegungen zur Steierreform / Rosa Lëtzebuerg fuerdert Verbuet vun nach legale Konversiounstherapien
headphones

12 min

play_arrow

Mëttespanorama

SEW: Mësstänn am Mamer Lycée / Corinne Cahen gëtt Budegtsrapporterin / Luc Frieden kritiséiert Orban
headphones

13 min

play_arrow