Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

Radioprogramm / Presserevue

/ Editioun vu 7h15

Editioun vu 7h15

Neien Tëschefall bei der Police, méi deier Poubellen a Bedruch via Telefon, dorëms geet et haut an der Presserevue.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Presserevue

Wéi eng Auswierkungen déi 30.000 Infektiounen op d'Ekonomie hunn, a wéi d'Baubranche sech kujenéiert, well d'Deponien iwwerlafen, sinn Theemen.

Presserevue

Kritik un der geplangter partieller Impfflicht, wéi d'Debatt an der Chamber gelaf ass a wat erlaabt ass bei de Corona-Maniffe sinn Theemen.

Presserevue

D'Fonction publique wier bis elo net weider vun der Omikron-Well betraff, Police, CGDIS an CFL hätte keng gréisser Ausfäll beim Personal.

Presserevue

Lëtzebuerger Krawall-Touristen zu Bréissel: d'Zeitungen hu bekannte Gesiichter bei der Corona-Maniff e Sonndeg zu Bréissel lokaliséiert.

Presserevue

D'Zeitunge sinn erliichtert, datt d'Corona-Protester de Weekend friddlech bliwwe sinn, si rechnen domat, datt d'Demonstranten net labber loossen.

Presserevue

De medezineschen Direkter vum Centre Hospitalier Emile Mayrisch plädéiert dofir, datt d'Covid-Mesurë gelackert ginn, besonnesch d'Quarantänen.

Presserevue

Experten äntweren der Patientevertriedung zur Impfflicht. Corona ass och soss omnipresent an den Zeitungen, mee et geet och ëm déi héich Präisser um Wunnengsmaart.

Presserevue

D'Stater Geschäftswelt leit ënner Demonstratiounen / ALJP fuerdert Recht op Informatiounszougang / Zukunftsvirstellunge vum Mobilitéitsminister

Presserevue

ALJP fuerdert Recht op Informatiounszougang / Stater Geschäftsliewen leit ënner de Manifestatiounen / Carsharing als Zukunftsmodell vun der Mobilitéit

Presserevue

Faktencheck zu Argumenter an der Chamberdebatt iwwer d'Impfflicht / Kritik zu Gestioun vun der Affär SuperDreckskëscht / Nei Senioreresidenz zu Déifferdeng

Presserevue

Faktencheck zu Argumenter an der Chamberdebatt iwwer d'Impfflicht / Kritik zu Gestioun vun der Affär SuperDrecksKëscht / Nei Senioreresidenz zu Déifferdeng

Presserevue vum 19. Januar

D'Debatt ronderëm d'Impfflicht weist, datt vill Experten sech net sécher sinn, wat si dovun hale sollen, an datt et nach vill Inconnue ginn.

Presserevue

Fir oder géint d'Impfflicht? Dat ass déi grouss Fro haut. An den Zeitunge kommen Experten zu Wuert, mee eng eendeiteg Tendenz schielt sech net eraus.

Presserevue

De "Corona-Chaos" an de Schoulen ass en Theema, grad wéi d'Reaktiounen op der Ëmweltministerin hir Ukënnegung a Saachen SuperDrecksKëscht.

Presserevue

De fréiere gréngen Deputéierte Jean Huss mellt sech zu Wuert zum Theema Impfflicht a kritiséiert allgemeng d'Manéier, wéi d'Pandemie geréiert gëtt.

Presserevue

De Romain Schneider an d'Françoise Hetto-Gaasch, déi allebéid dëst Joer vun hire politesche Funktiounen zréckgetruede sinn, kommen nach emol zu Wuert

Presserevue

Dës Kéier gëtt et keng Kritik um Policeasaz bei der onugemellter Corona-Manif e Samschdeg, d'Zeitunge luewen d'Police, déi alles richteg gemaach hätt.

Presserevue

D'Debatt iwwert d'Impfflicht intensivéiert sech. Nom Avis vum Expertegrupp beliichten d'Lëtzebuerger Zeitungen hir Recommandatiounen.

Presserevue

E Réckbléck op d'Héichwaasser, Suerge wéinst dem Wollef an Erënnerung un de Guy Stoos sinn e puer vun den Theemen an der nationaler Press.

Presserevue

E Réckbléck op d'Héichwaasser, Kritik un de Petitiounsdebatten an d'Tendenz zum Jobwiessel sinn Theemen an der nationaler Press.