Radioen

On air

Moiesstudio  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Klassik Aktuell

100komma7.lu / Klassik Aktuell

/ Neit Buch iwwert de Kit Armstrong

Neit Buch iwwert de Kit Armstrong

headphones

7 min

Lauschteren play_arrow

Eng Biographie iwwert e Museker, de grad emol 32 Joer huet? Esouguer bei engem Phenomeen wéi dem Kit Armstrong mécht dat net vill Sënn. Der Inge Kloepfer hiert Buch ass dann och éischter eng Bestandsopnam vun der Entwécklung vun engem aussergewéinleche Mënsch, e Museker an Naturwëssenschaftler, deen als Jugendleche quasi schonn alles erreecht hat.


Wéi ass esou eng Entwécklung ze erklären? Wéi eng Zieler bleiwen, wann ee mat Mëtt 20 schonn um Zenit ass?
De Guy Engels huet d’Buch gelies.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

OCL-Mozartante-3

De 4. Concert aus der Serie Mozartante mam OCL den 2.4.2017 an der Philharmonie mat de Pianiste Jean Müller an der jonker Studentin Zala Karvos.

Musek am Syrdall: Schüler trieden op

De Perkussiouns-Ensembel vum Stater Conservatoire steet den 2. Abrëll zu Rued-Sir op der Bühn.

Hommage à Schumann am CAPE

Concert mam Kammermusekveräin Lëtzebuerg zu Ettelbréck den 2. Abrëll 2017 um 6 Auer.

88 Keys to Heaven

D'Pianosschüler aus dem Stater Conservatoire trieden op.

Den Daniel Hope als Artist in Residence

Den Iechternacher Festival 2017
Stabat Mater

Stabat Mater

D'Luxembourg Philharmonia féiert dem Gioacchino Rossini säi Meeschterwierk am Stater Conservatoire op (1.4.2017).

Blockflütt: méi wéi e Schoulinstrument

D'Lea Sobbe weist den 28. Mäerz an der Abtei Neimënster, wat um Instrument alles méiglech ass.

Der Alma Mahler hiert Erntelied

En neie Bléck op Zesummenaarbecht tëscht der Alma Mahler an hirem Mann, dem Gutsav Mahler

D'Yuja Wang kënnt an d'Philharmonie

D'Yuja Wang wollt eigentlech Gei spillen, mä well hir Famill just ee Piano hat, ass si Pianistin ginn.

De Sonus Brass Ensembel

E Quintett, dat eng Bank iwwerfält.

Simon Boccanegra

Dem Giuseppe Verdi seng Oper gëtt am Groussen Theater gespillt (29. & 31.3.2017).
D'Cathy Krier bei Musek am Syrdall

D'Cathy Krier bei Musek am Syrdall

D'Pianistin spillt Wierker vu Bach, Janacek, Liszt a Bartok.

The Classic Jam Sessions

D'Concertsrei am Kinneksbond zu Mamer (25.3.2017) kuckt op d'Liewen an d'Wierk vun der Clara Schumann.

En Orchester, dee sech all Joers op en neits zesummesetzt

De Gustav-Mahler-Jugendorchester kënnt op Lëtzebuerg.

The Neverending Dream

D'Militärmusek mat der Uropféierung vun enger Kompositioun vum Ferrer Ferran (25.3.2017)

De Frank Peter Zimmermann

De Geiist kënnt zesumme mam New York Philharmonic an d'Philharmonie.

Canto LX

De Vokalensemble fir Renaissance- a Barockmusek huet eng nei CD opgeholl a reest am Abrëll a Japan.

D'Matthäus-Passioun

Dem J.S. Bach säi Meeschterwierk gëtt e Sonndeg (26.3.2017) zu Ettelbréck opgefouert.

Ass d'Musekskritik an der Kris?

D'Eleonore Büning, d'Directrice vum "Preis der Deutschen Schallplattenkritik", am Gespréich
Vu Klassik bis Pop

Vu Klassik bis Pop

De Feuerbach-Quartett wandert tëscht de Genren
headphones

10 min

play_arrow