Mir schwätzen iwwer Gefiller, iwwer Angscht, iwwer Schüler:innen a Proffen. An dat zesumme mat der Directrice vum Lycée Aline Mayrisch, der Carole Chaine. An och dobäi ass de Ben Olinger. Bekannt ginn ass hien als Radiosmoderator a mat senger Sendung “Ben’s Club“ op Eldoradio. Hien huet an hat ëmmer ganz vill ze soe mee weess och mëttlerweil, wéini et besser ass näischt ze soen. Ass dat elo gutt oder net? A wéini ass et genuch. De Luc Spada wëllt alles wëssen.
arrow_back_ios
Fiasko Fest
S01E15 Mir sinn all Loser: Carole Chaine a Ben Olinger
Lauschteren
play_arrow
headphones
49 min
Episoden
S03E10 Heiansdo deet et wéi: Indira Idrizovic
Et geet ëm Famill an hire Stellewäert an d'Erënnerung.
S03E09 Heiansdo deet et wéi: Michel Abdollahi
Eng éierlech Diskussioun iwwer Identitéit, Zougehéieregkeet a firwat et wichteg ass, iwwer dës Theemen ze schwätzen.
S03E08 Heiansdo deet et wéi: Tessy Antony de Nassau
Eng Gewënnerin ass eng Verléierin, déi et méi wéi eng Kéier probéiert.
S03E07 Heiansdo deet et wéi: Sandy Heep
En Episod, an där d'Donkelheet vill present ass, mee et gëtt och gelaacht an no der Hoffnung gesicht.
S03E06 Heiansdo deet et wéi: Maja Juric
E Gespréich iwwert Grenzen, déi net agehale ginn, e Suizidversuch an der Famill an dem Maja Juric seng Ex-Sucht.
S03E05 Heiansdo deet et wéi: Emilie Boland
Et geet ëm Gewalt an der Bezéiung an och Drogemëssbrauch.
S03E04 Heiansdo deet et wéi: Mara Stieber
Et geet ëm eng Welt, déi engem Angscht maache kann an dacks net vill Plaz fir Hoffnung léisst.
S03E03 Heiansdo deet et wéi: Luca De Michele
Heiansdo leie Laachen a Kräischen no beieneen.
S03E02 Heiansdo deet et wéi: Anne-Mareike Hess
Et geet ëm d'Mëssstänn an eiser Gesellschaft an ëm d'Grenze vum Kierper.
S03E01 Heiansdo deet et wéi: Julie Kieffer
Mat der Schauspillerin geet et ëm Ängscht, wéi onfair den Doud ass an och, wat et heescht eng gutt oder schlecht Schauspillerin ze sinn.
S02E43 Mir scheiteren ëmmer nach: Anne Faber a Cindy Oliveira
Déi lescht Episod vun der 2. Staffel, mee mam Scheiteren ass et nach laang net eriwwer.
S02E42 Mir scheiteren ëmmer nach: Mandy Graff an Emile Schlesser
Heiansdo freet ee sech, ob do net méi dra gewiescht wier?
S02E41 Mir scheiteren ëmmer nach: Maale Gars a Ruth Lorang
Et geet ëm Grenzen, Risiken, an datt um Enn och mol muss gekrasch ginn.
S02E40 Mir scheiteren ëmmer nach:Anne Klein an Eugénie Anselin
Et kann een net alles richteg maachen an dofir muss ee sech net schummen.
S02E39 Mir scheiteren ëmmer nach: Dr. med. Thorsten Schwark a Miss Sappho
Et geet ëm den Doud, ëm Kierperen an och Ängscht.
S02E38 Mir scheiteren ëmmer nach: Ceci an Isaiah Wilson
Et geet ëm Schwächten a wéi een doraus och eng Stäerkt maache kann.
S02E37 Mir scheiteren ëmmer nach: Nikita Lutgen a BC One
Et muss ee wëssen,wou een hierkënnt a wou ee sech wuelfillt.
S02E36 Mir scheiteren ëmmer nach: Betsy Dentzer a Jil Devresse
Et geet ëm d'Konscht vum sech verletzlech maachen an d'Fro, wat dohannert stécht.
S02E35 Mir scheiteren ëmmer nach: Robert Brandy an Laura Deitz
Heiansdo muss een sech mat Situatioune konfrontéieren, an deenen een sech net sécher fillt.