Song vum Dag
Florence Besch – Donut of Darkness
4 min
Déi lëtzebuergesch Songwriterin a Sängerin Florence Besch schafft zu Düsseldorf a geet do hiren eegene Wee. Déi däitsch Musekblogs hu sech hiren Debut “Hi Now Hello” op der Zong zergoe gelooss an hiert Selbstvertraue gelueft, wéi och hiren duussen an approchabelen Indie-Pop-Sound. Mee d’Zäertlechkeet vu “Fusili” ass fir de Moment emol op der Säit. Hir nei Single - déi de Marc Clement aus der Museksredaktioun als Song vum Dag proposéiert - ass ëm eppes méi schmasseg.