Radioen

On air

Grousse Kino  |  Spezial Filmmusek (2)

play_arrow Live
arrow_back_ios

Presserevue

Den nationale Kriibsregëster, d'Situatioun vun den ING-Clienten oder nach d'Walen a Südafrika sinn d'Opmaacher an der geschriwwener Press. D'Carole Schimmer mat der Presserevue

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Editioun vun 8h15

E Freideg ass den neie Koalitiounsaccord, deen den neie Premier Luc Frieden haut wollt ëffentlech virstellen, geleakt ginn an d'Analysen an den Zeitunge bezeien, datt den neie Luc deen ale bliwwen ass.

Editioun vum Weekend

D'Vereedegung vun neier Regierung an de Koalitiounsaccord stinn am Mëttelpunkt an der nationaler Press.

Editioun vun 8h15

D'Press reagéiert op déi éischt Detailer aus dem Koalitiounsprogramm a kritiséiert de Manktem un Transparenz.

Editioun vu 7h15

D'Press reagéiert haut op déi éischt Eckdaten aus dem Koalitiounsprogramm a vermësst Transparenz bei der neier Regierung.

Editioun 8:16

D'Zesummesetzung vun der neier CSV-DP Regierung gëtt kommentéiert.

Editioun 7:16

D'Zesummesetzung vun der neier CSV-DP Regierung gëtt kommentéiert.

Editioun 8h16

Nach ass hien net offiziell Premier, scho gëtt hie vun der Oppositioun staark kritiséiert: de Formateur Luc Frieden, an zwar well hien de Koalitiouns-Accord net ëffentlech mécht.

Editioun 7h16

Nach ass hien net offiziell Premier, scho gëtt hie vun der Oppositioun staark kritiséiert: de Formateur Luc Frieden, an zwar well hien de Koalitiouns-Accord net ëffentlech mécht.

Editioun 8h16

An der Press kënnt et net gutt un, datt de Formateur Luc Frieden de Koalitiounsaccord net wëllt ëffentlech maache bis en ënnerschriwwen ass.

Editioun 7h16

Et bleift spannend ëm déi nei Regierung. Wie gëschter méi Informatiounen op der Pressekonferenz zu Senneng erwaart hat, deen ass enttäuscht ginn an dofir ginn de Moien och d'Spekulatioune weider.

Editioun 8h16

Den Ausseminister Jean Asselborn seet, no 20 Joer, Äddi, hie mécht eng Retrospectiv, an der Press gëtt hien awer och zou, datt déi europäesch Migratiounspolitik echouéiert ass.

Editioun 7h16

E Samschdeg war erëm eng grouss Demonstratioun an der Stad fir e Waffestëllstand an der Gazasträif an do wieren deplacéiert Schëlder dorënner gewiescht.

Déi national Press um Weekend

D'Erwaardungen un déi nei Regierung dominéieren haut. Dernieft geet et ëm de Kaméidi am Schëffelenger Gemengerot.

Editioun vun 8h15

Ëm e Plädoyer fir eng Walrechtsreform, den Imageproblem vun der Juegd an ëm Séissegkeete geet et haut an der nationaler Press.

Editioun vu 7h15

D'Taina Bofferding soll LSAP-Fraktiounspresidentin ginn, Kritik um CO2-Foussofdrock-Rechner myimpact.lu a Bedruchsfäll bei der Studentebourse

Editioun vun 8h15

En Eklat tëschent Sportsministère a Sportslycée kéint e juristescht Nospill kréien a vun Dezember u start d'Produktioun vu Lëtzebuerger Photovoltaik-Panneauen.

Editioun vu 7h15

Wiem gehéiert e politescht Mandat, enger Persoun oder enger Partei?

Editioun 8h16

Wéi ass d'Situatioun tëschent de Judden an de Moslemen zu Lëtzebuerg? Dozou gëtt et an der Press haut en Exklusiv-Interview mam Rabinner a mam Mufti hei am Land.

Editioun 7h16

Fir d‘éischte Kéier ass zu Lëtzebuerg eng Koppel opgrond vum anti-Terror-Gesetz verurteelt ginn, dat ass ee Sujet an der nationaler Press, grad wéi d‘Geschäfterstierwen an de Stied.

Editioun 8h16

Ee Mount dauert elo schonn de Krich tëschent Israel an der Hamas, Dausende Leit si gestuerwen an d‘Welt ass an zwee gespléckt, an der nationaler Press ginn et Hannergrënn an Analysen.