Radioen

On air

Notturno  |  Cameron Knowler & Eli Winter - For A Chisos Bluebonnet

play_arrow Live
arrow_back_ios

Panorama

headphones

14 min

Lauschteren play_arrow

1. De Premier Luc Frieden weist sech zefridden iwwer d‘Annonce, datt d‘Lëtzebuerger Satellittefirma SES den amerikanesche Konkurrent Intelsat opkeeft. Hie wär frou, dass d’SES eng aner Firma opkafe konnt an net opkaf gouf.

2. Nom Brand e Sonndeg den Owend an enger Scheier zu Leideleng sinn d‘Opraumaarbechten nach ëmmer amgaangen. D’Warnung un d’Bierger, wéinst méigleche Schuedstoffer an der Loft Fënsteren an Dieren zouzehalen an nëmme wann néideg erauszegoen, gëllt weiderhin.

3.D’Cyberattack vum 21. Mäerz war haut Thema an der zoustänneger Chamberkommissioun. Et hätt een déi Attack gutt maîtriséiert, a Lëtzebuerg wier och gutt opgestallt fir weider Cyberattacken ofzewieren.

4. Bis 2035 wëllen déi siwe gréissten Industrielänner ganz aus der Kuelen-Energie erausklammen. Dofir hu sech d‘G7-Länner op engem informellen Treffen zu Turin ausgeschwat.

5. Den Internationale Geriichtshaff zu Den Haag weist d‘Klo vun Nicaragua géint Däitschland am Noost-Konflikt zeréck. Nicaragua huet Däitschland virgehäit, Vëlkermord an der Gazasträif ze favoriséieren.

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Panorama

Jean Asselborn fuerert EU-Quotesystem fir afghanesch Flüchtlingen / EU Aussebeoptraagten: "Mir musse mat Taliban schwätzen"/ Bëschbrand Côte d'Azur: Liicht Entspanung

Panorama

EU: "Mir musse mat Taliban schwätzen" / Energetesch Sanéierung vu Wunnengen: Neien Hëllefsregimm / Bëschbrand Côte d'Azur: Liicht Entspanung wéinst manner Wand

Panorama

De lëtzebuerger Militär Airbus kënnt eng éischte Kéier an den Asaz / Investissementer vum Pensiounsfong sollen iwwerpréift ginn / Taliban versprieche Biergerrechter

Panorama

Charel Goerens: Lëtzebuerger NATO-Asaz war richteg / Och sechs Lëtzebuerger zu Kabul blockéiert / Dausende Leit op Côte d'Azur wéinst Feier evakuéiert

Panorama

Afghanistan: Joe Biden verteidegt Réckzuch / Charel Goerens: Transitioun am Afghanistan net gutt virbereet / Süd-Frankräich: Dausende Leit wéinst Bëschbrand evakuéiert

Panorama

Afghanistan: Joe Biden verteidegt Réckzuch vun US Truppen / Süd-Frankräich: Dausende Leit wéinst Bëschbrand evakuéiert / Haiti: 1.419 Doudeger nom Äerdbiewen

Panorama

Optakt vun de spontanen Impfungen um Lampertsbierg / Zu Kabul um Fluchhafen ass d'Situatioun chaotesch / Op Haiti klëmmt de Bilan nom schwéieren Äerdbiewen op elo 1.300 Doudeger

Panorama

Chaos um Fluchhafen zu Kabul / Haiti: Bilan nom Äerdbiewen op 1.300 Doudeger geklommen / Persoun zu Waasserbëlleg an der Musel erdronk

Panorama

Afghanistan: Taliban hunn d'Kontroll vun Haaptstad Kabul iwwerholl / Kabul: USA an aner Länner evakuéiere Landsleit / Haiti: Bilan nom Äerdbiewen op 1.300 Doudeger geklomm

Panorama

Afghanistan: Taliban hunn d'Kontroll vun Haaptstad Kabul iwwerholl / Kabul: USA an aner Länner evakuéiere Landsleit / Haiti: Bilan nom Äerdbiewen op 1.300 Doudeger geklomm

Panorama

Haiti: Äerdbiewe vu 7,2 fuerdert op d'mannst 300 Mënscheliewen / Sinn d'Taliban zu Kabul? / Fitch confirméiert den Triple A fir Lëtzebuerg

Panorama

Schwéiert Äerdbiewen op Haiti: op d'mannst 300 Doudeger / Afghanistan: Taliban hunn och Jalalabad a Mazar- i Sharif ageholl / Impfaktioun fir Leit ouni Pabeieren

Panorama

Schwéiert Äerdbiewen op Haiti / Rekordhëtzt a Spuenien a weider Bränn an Italien a Russland / Afghanistan: Taliban erueweren ëmmer méi Stied

Panorama

D'Delta-Variant vum Coronavirus dominéiert bei eis / D. Kersch hält u Propose vu Corona-Steier fest / D'Taliban sti viru Kabul

Panorama

D'Delta-Variant vum Coronavirus dominéiert bei eis / D. Kersch hält u Propose vu Corona-Steier fest / D'Taliban sti viru Kabul

Panorama

RT DE: Keng Autorisatioun fir russesche Staatssender zu Lëtzebuerg / Atomzentral Doel: "zoumaachen", fuerdert C. Dieschbourg / Afghanistan: Taliban 50 km virun Haaptstad Kabul

Panorama

Et muss ee Léieren zéien aus der Héichwaasserkatastroph, esou de Syvicol President Emil Eicher / Dan Kersch bleift bei Virschlag fir Corona-Steier / Taliban eruewere weideren Terrain am Afgh

Panorama

Laang Waardezäite fir Mammographie-Rendez-vous: grouss Ënnerscheeder jee no Spidol / Portugal léisst déi Jonk tëschent 12 a 15 Joer impfen / Afghanistan: Kandahar ass gefall

Panorama

Laang Waardezäite fir Mammographie-Rendez-vous: grouss Ënnerscheeder jee no Spidol / Portugal léisst déi Jonk tëschent 12 a 15 Joer impfen / Afghanistan: Kandahar ass gefall

Panorama

Zweet Feier bannent Méint am Prisong / Lëtzebuerg spent Impfstoff / Fuerscherin Nelly Kieffer gestuerwen / Tom Habscheid fiert op d'Paralympics