Haut ass déi offiziell Erëffnung vum Lëtzebuerger Pavillon, an deem an den nächste Méint véier Kënschtler:innen eng Residenz hunn an de Pavillon duerno mat hire Performance bespillen. Éiert eis Interview-Serie mat de verschiddene Kënschtler:inne lass geet, huet de Jeff Schinker sech mat der Valérie Quilez an der Diane Tobes ënnerhalen an den Duo un der Spëtzt vu Kultur: LX, dem Lëtzebuerger Arts Council, deen ab dësem Joer zesumme mam MUDAM de Lëtzebuerger Pavillon koproduzéiert, iwwert dës éischt Konschtbiennale-Experienz ausgefrot.
arrow_back_ios
Kultur
"Komplexifiéieren amplaz ze vereinfachen" Am Gespréich mat der Valérie Quilez an der Diane Tobes
Lauschteren
play_arrow
headphones
7 min
Episoden
Am Mainstream säin eegene Flow fannen
"Mamacita" heescht déi lescht Single vum Turnup Tun, alias Tun Tonnar - en neien Album ass fir d'Fréijoer geplangt.
D'Visioune vun der Nationalbibliothéik
Fënnef Projete goufe finaliséiert, déi den Accès, d'Benotzen an d'Flexibilitéit vun de Lieser sollen optimiséieren.
Waarme Soul géint gro Téin
The Ruffcats heescht eng renomméiert Berliner Soulband an un de Perkussiounsinstrumenter steet hei e Lëtzebuerger: de Jean-Luc Jossa.
Den Atelier huet eng grouss Saison ustoen
De Promoteur kuckt op ee Rekordjoer 2022 zeréck, an deem d'Zuel vun de Visiteure bei Atelier-Evenementer vis-à vis vun 2019 vun 160.000 op 190.000 geklommen ass.
D'Stëmm erhiewe fir méi Zivilcourage
Mat "Schreien ist Gold" presentéiert The Tame and the Wild eng nei Single, an där et dorëm geet seng Stëmm géint Mëssstänn ze erhiewen.