De Jos ass natierlech opgereegt, wibbeleg, virwëtzeg, gespaant an och ganz ganz ongedëlleg. Et geet dem Jos net séier genuch, bis si endlech zu Roum sinn. Datt dës Rees op Roum elo fir de Jos an déi ganz Famill onvergiesslech gëtt, kënnt dir iech sécher virstellen.
Wann dir elo gespaant a virwëtzeg gi sidd, da lauschtert hei, wat alles zu Roum geschitt.
arrow_back_ios
Kannerkëscht
De Jos an d'Ouschterrees op Roum
Lauschteren
play_arrow
headphones
40 min
Episoden
De Jos an Halloween - Deel 1
Fir d'éischt erkläre mir iech, wou dat Fest Halloween hierkënnt. Ee Fest, dat och an eise Géigenden ëmmer méi um Owend virun Allerhellege gefeiert gëtt ...
Jos, de Pastachampion - Deel 4
De Jos wollt zolidd kreativ si fir de Pastaconcours an hien huet sech selwer als "Jos Pastakiller Gerrero Martino" ugemellt. De Bop huet hie "Ravioli Rosa Cannelloni Fighter 3000" genannt
Jos, de Pastachampion - Deel 3
De Jos huet sech an de Bop fir de Pastaconcours ugemellt. Mee déi Umeldung ass nach ëmmer nëmme provisoresch.
Jos, de Pastachampion - Deel 2
Elo kennt dir de Jos a seng Famill jo schonn, an de Jos huet vum Pastaconcours héieren, bei deem hien onbedéngt mat wëllt maachen.