Radioen

On air

Notturno  |  

play_arrow Live
arrow_back_ios

Déi gutt Noriicht

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Eng App géint den Tinnitus

En internationaalt Fuerschungsteam huet eng App entwéckelt, déi dobäi hëllefe soll, dat dauerhaft Piipse lasszeginn.

Leit mat Behënnerung méi Visibilitéit ginn

Zu London weisen eng Partie Stroosseluuchten elo Mënschen am Rollstull.

U méi wéi enger Angscht schaffen

Neien Erkenntnisser no hëlleft et och géint aner Ängschten, wann ee wéinst enger Phobie an Therapie ass.

Chrëschtbeemercher fir den Naturschutz

A Schwede ginn al Beem a Séie gehäit, fir do neie Liewensraum ze schafen.

En ongewéinleche Schratt

Déi däitsch-éisträichesch Milliounen-Ierwin Marlene Engelhorn wëllt en Deel vun hirem Verméigen un d’Allgemengheet zeréckginn.

D‘Gedenken héichhalen

Vun haut un a bis de 27. Januar organiséiert den Zentrum fir politesch Bildung eng Rei Evenementer fir un d‘Affer vum Holocaust ze erënneren.

Hoffnung fir Elefanten

An südlechen Afrika ginn d‘Populatioune mëttlerweil net méi zeréck.

Fake Online-Geschäfter besser erkennen

Dobäi kann eng Internetsäit hëllefen, déi engem seet, ob engem Online-Shop ze trauen ass, oder eben net.

Wandrieder aus Holz

Dat kéint an Zukunft Realitéit ginn a géif eng Rei Virdeeler bidden.

Mir lauschteren esouvill Musek wéi nach ni

Dat seet eng Ëmfro vum Weltverband vun der Museksindustrie.

D‘Enn vun den DéiereVersich?

E Fuerschungsteam aus Schottland huet vläicht e Wee fonnt, Medikamenter ze testen, ouni datt en Déier zu Schued kËnnt.

Südafrika huet d'Véier-Deeg-Woch getest ...

... an deen Test war nawell ganz positiv.

Ee séchere Sprit

Bensinn z. B. entzünt sech ganz séier. Wéi kann een dat verhënneren? Fuerscher hu rezent ee séchere Sprit entwéckelt, deen nëmmen entzünt ka ginn, wann en ënner Stroum steet.

Organer printe loossen

Domadder kéinte vill Mënscheliewe gerett ginn, mee ass dat och méiglech?

Solarenergie nach méi propper maachen

E Fuerschunsgteam huet ausprobéiert Solarzellen zum Deel aus Holz hierzestellen a se esou méi ëmweltfrëndlech ze maachen.

Gréng Luucht fir de Vëlo

A verschiddene Stied kréie Vëlosfuerer a Foussgänger:innen, Prioritéit bei de Luuchten.

Richtegt Verhale belounen

Dat huet sech eng Stad an Däitschland geduecht a verdeelt Schockela wann ee richteg parkt.

Déi éischt tabakfräi Generatioun

Dat wëll Frankräich erreechen, och andeems se d‘fëmmen op verschiddenen ëffentleche Plazen a Schoule verbidden.

Vun der Gebuert un, schonn do

En Experiment mat Puppelcher huet gewisen, datt mer vun Ufank un, schonn e Rhythmus an enger Musek erkennen.

Gletscher kennen sech selwer ofkillen

Dat huet en internationaalt Fuerschungsteam elo rausfonnt. Dat funktionéiert awer nëmme bei groussen Äismassen.