Euranet Plus Podcast
Kënnen nei Technologien d’Welt retten?
14 min
![on the headlines](/_default_upload_bucket/140037/image-thumb__140037__base_thumbnail/Green%20Deal%20Podcast%20Technologie.1f1e0ed0.jpg)
KI, Satellitten, Wiedermanipulatiounen, wat kann dat bréngen?
Wéi genee a wéi wäit kënnen nei Technologien de Klimachangement an de Grëff kréien? Kënne mer eis dorobber verloossen amplaz eis schlecht Gewunnechten, déi der Welt schueden, ze änneren?
Et muss een iwwert Zukunft diskutéiere fir eraus ze fanne wéi eng Erwaardunge mer an Innovatioun an Technologie kënnen hunn.
Op der COP 28 huet goufen techno-solutionistesch Léisunge vun e puer Säite propagéiert an d’Virdeeler vu Geo-Engineering-Techniken goufen an d’Fënster gestallt, datt awer als Nodeel vun anere konkrete Mesure fir den Energiebesoin ze reduzéieren.
Wéi eng Roll sollen elo dës technologesch Léisungen an der internationaler Klimapolitik spillen, doriwwer geet et déi Kéier Kéier beim Jean Claude Majerus am EU Green Deal Podcats vum europäesche Radionetzwierk Euranet Plus
Episoden
![Europawalen | © picture alliance / ZB | Sascha Steinach Euranet Podcast: Fir wien oder firwat gouf bei den Europwale gewielt? | © picture alliance / ZB | Sascha Steinach](/1_Foto/100komma7.lu/177991/image-thumb__177991__base_thumbnail/Europawalen%202024.ea7a9b72.jpg)
Euranet Podcast: Fir wien oder firwat gouf bei den Europwale gewielt?
Wéi eng Trende kann een aus de Resultater Walen erausliesen? Gouf et Verännerungen an der Wielerdemografie? Wéi wäerten déi nei Europadeputéiert d’EU-Politik an Zukunft beaflossen?
![Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen?](/1_Foto/100komma7.lu/170852/image-thumb__170852__base_thumbnail/Euranet%20Plus%20Podcast%20Desinformatioun.daf12e95.jpg)
Wéi kann een Desinformatiounen entschäerfen?
D’Journalistenekipp vun Euranet plus war an den EU-Memberstaaten ënnerwee fir erauszefannen, wou mir aktuell, am Joer vun den Europawalen, mat de Fakenews an der Desinformatioun stinn.
![Wat wënschen d'EU-Bierger sech fir d'Ukain?](/_default_upload_bucket/169070/image-thumb__169070__base_thumbnail/Euranet%20Podcast%20Foto%2004.04.2024.676a80a2.jpg)
Wat wënschen d'EU-Bierger sech fir d'Ukain?
D'Mënschen an der Europäescher Unioun erwaarde sech, datt der Ukrain weider gehollef a se ënnerstëtzt gëtt. Wann et awer ëm Militärhëllef geet, da ginn d’Meenungen auserneen.
![Wat wëllen d'Baueren?](/_default_upload_bucket/168872/image-thumb__168872__base_thumbnail/Green%20Deal%200304_1.55d915f1.jpg)
Wat wëllen d'Baueren?
D’Journalistenekipp vum europäesche Radionetzwierk Euranet plus war an der europäescher Landwirtschaft ënnerwee an hunn d’Meenung vun nawell zimmlech rosene Baueren a ganz Europa agefaangen.
![D’Stëmme vun den EU-Stroossen](/_default_upload_bucket/168638/image-thumb__168638__base_thumbnail/Green%20Deal%200204.793148f9.jpg)
D’Stëmme vun den EU-Stroossen
Wat denken d’Bierger:innen an der Europäescher Unioun? Wéi gesi si d’EU? Wéi eng Doleancen hu si a wéi eng an Erwaardunge setze si an d’EU?
![Kënnen nei Technologien d’Welt retten?](/_default_upload_bucket/140037/image-thumb__140037__base_thumbnail/Green%20Deal%20Podcast%20Technologie.1f1e0ed0.jpg)