Den Eisebunner-Syndikat Syprolux ass eng vun de leschte Gewerkschaften am Land, déi sech op ee Secteur konzentréieren. Mee huet dee Modell eng Zukunft? De Rick Mertens freet d'Presidentin vum Syprolux.
arrow_back_ios
Invité:e vum Dag
Mylène Bianchy
headphones
15 min
Lauschteren
play_arrow

mic_none
Presentéiert vum
- Rick Mertens
Episoden
Claudia Monti
Mir froen d'Obudsman, ob si an der sanitärer Kris méi Aarbecht huet wéi soss.
Zohra Barthelemy
Mir froen eng vun de Vertriederinne vun der Protestbeweegung Youth for Climate, wou hire Mouvement no engem Joer Pandemie steet.

Paul Heber
De Kommunikatiounschef vun UNICEF Lëtzebuerg iwwer d'Covax-Initiativ, déi dofir suerge wëllt, datt och déi äermst Länner op der Welt Covid-Impfstoff kréien.

Marc Wengler
Lëtzebuerg investéiert all Joer Honnerte Milliounen Euro an d'Eisebunn: de CFL-Generaldirekter erkläert.
Claire Russon
Wéi d'Lycées-SchülerInnen ënner der Pandemie leiden: e Gespréich mat der Psychologin aus dem Centre psycho-social et d'accompagnement scolaires (CePAS).
Paul Schroeder
De Generaldirekter vum Corps grand-ducal d'incendie et de secours iwwer d'Aarbecht vun de Rettungsdéngschter a Pandemie-Zäiten.
Christian Wester
De Mëllechbauer vun Alzeng ass neie President vun der Bauerenzentral.
Lex Delles
De Mëttelstand- an Tourismusminister iwwer d'Reouverture vun den Terrassen, a wat ee sech vun der Tourismus-Saison erwaarde kann.
Estelle Née
Mir froen d'Spriecherin vun der Studentenorganisatioun UNEL wat muss geschéien, fir datt der Jugend hiren Elan net vun der Pandemie erdréckt gëtt.
Marc Meyers
Den Direkter vum Stater Conservatoire sëtzt vun haut un och am Staatsrot. Wéi kritt hien déi zwee Mandater ënner een Hutt?
Lotty Prussen
Firwat sinn d'Fäll vu Stierfhëllef an de leschten zwee Joer däitlech an d'Luucht gaangen? Mir froen d'Presidentin vun der Euthanasie-Kommissioun.
Marc Linden
De Vize-President vum Syndikat vun de Kierchefabricken (SYFEL) reagéiert op de rezenten Arrêt vun der Cour constitutionnelle am Clinch mam Bistum ëm de Kierchefong.
Jochen Kuttler
Kommunal Modellversich kënne keng landeswäit Corona-Strategie ersetzen, seet de Buergermeeschter vun der saarlännescher Gemeng Wadern.
Martine Hansen
D'CSV-Fraktiounscheffin iwwer den aktuellen Zoustand an d'Perspektive vun hirer Partei - inhaltlech, an och personell.
Abbes Jacoby
Gréngt Urgesteen, meeschtens an der zweeter Rei: de fréiere Fraktiounssekretär (bis 2015) an Ettelbrécker Gemengeconseiller (bis gëschter) zitt Bilanz.
Patrick Dury
Zwee Deeg nom digitalen LCGB-Kongress: deen alen an neien Nationalpresident iwwer d'Haaptfuerderunge vu senger Gewerkschaft.
Jean-Claude Juchem
49 Prozent Elektroauto bis 2030: Mir froen den Direkter vum Automobilclub, ob der Regierung hiert Zil realistesch ass.
François Koepp
D'Terrasse sollen ënner strenge Konditiounen nees opgoen. Hëlleft dat de Restauranten a Caféen? Mir froen de Generalsekretär vum Branchëverband Horesca.
