Kultur
/ Keen ass onschëlleg, keen ass fräi: "Der Prozess" vum Kafka an enger Adaptéierung vum Kaleidoskop Theater
Keen ass onschëlleg, keen ass fräi: "Der Prozess" vum Kafka an enger Adaptéierung vum Kaleidoskop Theater
14 min
![on the headlines](/1_Foto/100komma7.lu/140511/image-thumb__140511__base_thumbnail/Der%20Prozess.6ba4c0da.jpg)
"Der Prozess", de weltberüümte Roman vum Franz Kafka, steet zanter senger Verëffentlechung fir d’Absurditéit an d’Onmënschlechkeet vum Rechtsystem a stellt och eng Allegorie op déi Zort Bürokratiséierung, déi an autoritäre Regimmen d’Existenz vu Schreifdësch-Täter erméiglecht huet.
Zanter leschter Woch ass de Roman dann och als Theateradaptatioun vum Jean-Paul Maes am Kaleidoskop Theater ze gesinn. Zu Huncherage am KulTourhaus kann een d’Stéck nach d’nächst Woch gesinn. De Jeff Schinker an den Nicolas Calmes beschwätzen hir Impressiounen.
Episoden
Der Laura Lux hir "Images at work"
Als eelste Film gëllt de Bridder Lumière hire „sortie d‘usine“ vun 1895, an do ass et direkt ëm d‘Aarbecht gaangen. E Gespréich mat der Filmwëssenschaftlerin Laura Lux.
Sech selwer begruewen: "La Vie heureuse" vum David Foenkinos
Eng Neigebuert ouni Dout, dofir awer och mat enger Rëtsch Klischeeën, bitt den David Foenkinos a sengem neie Roman "La Vie heureuse".
De Julien Hübsch an der Galerie Dominique Lang zu Diddeleng
Vu Paräis op Diddeléng: de Julien Hübsch huet walls/ origins/ replacements aus senger Kënschtlerresidenz matbruecht.
![Dem Kutter seng Gesiichter - Nationalmusée um Fëschmaart](/1_Foto/100komma7.lu/139416/image-thumb__139416__base_thumbnail/Champion%20vum%20Joseph%20Kutter.e5ad7af4.jpg)
Dem Kutter seng Gesiichter - Nationalmusée um Fëschmaart
Eng Expo bei där d'Nohaltegkeet am Vierdergrond steet. Mee net just am ekologesche Sënn.
![Michael Krüger am gespréich](/1_Foto/100komma7.lu/139428/image-thumb__139428__base_thumbnail/Michael%20Kr%C3%BCger.09fb3ea6.jpg)
Michael Krüger am gespréich
A sengem Wierk “Verabredung mit Dichtern” schreift den däitsche Schrëftsteller, Iwwersetzer a jorelaange Leeder vum Hanser-Verlag iwwer seng Erënnerungen a Renconteren.
![Buchkritik: Jhemp Schuster - "Béischten"](/1_Foto/100komma7.lu/139122/image-thumb__139122__base_thumbnail/B%C3%A9ischten.d7ec11cb.jpg)
Buchkritik: Jhemp Schuster - "Béischten"
Den Auteur vu "Bluttsëffer" an "Ouereschlëffer" mat enger weiderer Mëschung aus Familljesaga, Duerfchronik a Kulturgeschicht.
Den Dekor an d'Kostümer vun "The Crown" kënne gesteet ginn
Wärend enger Stee ginn haut zu London den Dekor an d'Kostümer vun der Serie "The Crown" verkaf.
Wuert vun der Woch: Februar
Wéi all Mëttwoch hëlt de Schrëftsteller Jean Portante eis mat op eng etymologesch a poetesch Rees ronderëm säi Wuert vun der Woch
![© Morgane Weidig Gespréich mam Sascha Dahm, neien Direkter vun Theaterfederatioun | © Morgane Weidig](/1_Foto/100komma7.lu/138984/image-thumb__138984__base_thumbnail/Sascha%20Dahm.d4da3961.jpg)
Gespréich mam Sascha Dahm, neien Direkter vun Theaterfederatioun
Et geet Rieds iwwer d'Erausfuerderunge vum neie Posten an Zukunftsperspektive vun der Theaterbranche.
Nei am Kino
Den Iwwerbléck vun der neier Filmwoch mam Michel Delage.
Nei am Kino
De Michel Delage mam Iwwerbléck vun der neier Filmwoch an éischten Informatiounen iwwer de Luxfilmfest.
Di lescht indesch Postkaart vun eisem Auteur Guy Helminger kënnt vu Kolkata.
De Schrëftsteller Guy Helminger ass zu Kolkata a Westbengale gelant, wou e Literaturfestival stattfënnt, e Kontrastprogramm zu enger Stad, déi vill Aarmut weist.
![Ze wéineg Lëtzebuerg?](/1_Foto/100komma7.lu/138888/image-thumb__138888__base_thumbnail/Luxembourg%20Song%20Contest.025f9da2.jpg)