Radioen

On air

Notturno  |  Andy Shauf - To You

play_arrow Live
100komma7.lu / Kultur

/ Keen ass onschëlleg, keen ass fräi: "Der Prozess" vum Kafka an enger Adaptéierung vum Kaleidoskop Theater

Keen ass onschëlleg, keen ass fräi: "Der Prozess" vum Kafka an enger Adaptéierung vum Kaleidoskop Theater

headphones

14 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

"Der Prozess", de weltberüümte Roman vum Franz Kafka, steet zanter senger Verëffentlechung fir d’Absurditéit an d’Onmënschlechkeet vum Rechtsystem a stellt och eng Allegorie op déi Zort Bürokratiséierung, déi an autoritäre Regimmen d’Existenz vu Schreifdësch-Täter erméiglecht huet.

Zanter leschter Woch ass de Roman dann och als Theateradaptatioun vum Jean-Paul Maes am Kaleidoskop Theater ze gesinn. Zu Huncherage am KulTourhaus kann een d’Stéck nach d’nächst Woch gesinn. De Jeff Schinker an den Nicolas Calmes beschwätzen hir Impressiounen.

Episoden

François a Christian Ben-Aïm

Mat hirer humoristescher Choreographie wëllen déi zwee Bridder dem haarden Alldag eng Liichtegkeet entgéint setzen.

D'Biografie "Karl Lagerfeld. Ein Deutscher in Paris"

Den F.A.Z.-Redakter Alfons Kaiser würdegt de Mouddesigner Karl Lagerfeld an enger Biografie.

Theaterkritik: "Werther"

D'Valerija Berdi an de Michel Delage schwätzen iwwert d'Stéck, dat de leschte Sonndeg am Escher Theater opgefouert gouf, eng Produktioun vum Staatstheater Mainz.

Theaterkritik: "Werther"

Iwwer d'Stéck, dat de leschte Sonndeg am Escher Theater opgeféiert gouf, eng Produktioun vum Staatstheater Mainz.

Facéties am Escher Theater

Eng lieweg a burlesk Choreographie vun de Bridder Christian et François Ben Aïm

De Kierper als Billermaschinn

Déi mënschlech Virstellungskraaft ass eng Maschinn fir Biller ze produzéieren. De Kierper spillt an deem Mechanismus eng fundamental Roll.

D'Bild an de Kierper

Déi mënschlech Virstellungskraaft ass eng Maschinn fir Biller ze produzéieren. De Kierper spillt do eng fundamental Roll, seet de Philosoph Cédric Kayser.

Filmkritik: ''Malcolm & Marie'' (Netflix)

Eng Koppel léisst emol uerdentlech d'Loft eraus: an dësem schwaarz-wäisse psychologesche Huis clos wiessele sech waarm a kal, Roserei an Zäertlechkeet of.

Fabienne Faust - Hier - Ein Fehlen

En neit Gedichtband, erauskomm bei Editions Phi

Expo: Ready. Set. Design. Le décor de cinéma au Luxembourg

Ënner dësem Titel geet dëse Freideg am Cercle Cité eng Expo op, déi sech mam Dekor vum Lëtzebuerger Kino ausenanersetzt.

Buchkritik: Jean Sorrente - "La Guerre du temps" (Hydre Editions)

Wéi d'Kollaboratioun mat den Nazien déi nächst Generatioune belaascht ... An dësem komplexe Roman verschafft den Auteur déi problematesch Geschicht vu senger Famill.

Konscht déi beweegt bei "Figure in Print"

Zanter 1990 sinn am Cabinet d'estampes vun der BNL iwwer 2.000 Gravuren zesummekomm. Hir Schätz weist d'BNL aktuell an enger Expo.

Wien ass d'Leone Muller?

Ënner anerem soll si nom Krich mat der Kings Medal for Service in the Cause of Freedom dekoréiert gi sinn.

Filmkritik: "Pretend it's a city''

New York aus der Vue vun der amerikanescher Intellektueller Fran Lebowitz: dem Martin Scorsese seng dokumentaresch Mini-Serie ass erfrëschend, witzeg an intelligent.

"Me, Family" net just am Mudam

D'Expo "Me, Family", déi am Mudam als zäitgenëssesch Äntwert op "The Family of Man" gewise gi sollt, gouf als online Versioun gerett.

Filmkritik: "Pretend it's a city''

New York aus der Vue vun der amerikanescher Intellektueller Fran Lebowitz: dem Martin Scorsese seng dokumentaresch Mini-Serie ass erfrëschend, witzeg an intelligent.

Pretty in Print: "Figure in Print" an der BNL

Vu Foni Tissen, Joergang 1909, bis Julie Wagener, Joergang 1990: d'Nationalbibliothéik presentéiert d'Grafikdrock-Schätz aus senger Sammlung.

Buchkritik: Tullio Forgiarini - "Céruse"

"Céruse, ma vie. Entretiens avec Saturnino Bianchi'' (Hydre Editions) ass en deroutéierende ''roman noir'' iwwer en Trauma an iwwer de Kreatiounsprozess.

So dunkel hier - En Theaterstéck vun der Elise Schmit

Ënner der Regie vun der Anne Simon gëtt e Stéck iwwer den Doud vum Gauleiter Gustav Simon an der Abtei Neimënster realiséiert.

So dunkel hier - En Theaterstéck vun der Elise Schmit

Ënner der Regie vun der Anne Simon gëtt e Stéck iwwer den Doud vum Gauleiter Gustav Simon an der Abtei Neimënster realiséiert.