Radioen

On air

Kultur um 5  |  Turnstile - NEVER ENOUGH

play_arrow Live
arrow_back_ios

Zeenewiessel

100komma7.lu / Zeenewiessel

/ S02E04: De Verwaltungsrot

S02E04: De Verwaltungsrot

headphones

36 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

De 16. Juli deposéiert d'Caritas eng Plainte, well 61 Milliounen Euro op spuenesch Konte verschwonne sinn. De Schock sëtzt déif, mee et musse séier Entscheedunge getraff ginn. De Verwaltungsrot iwwerhëlt d'Krisegestioun a verléiert eng Woch méi spéit d'Kontroll. Wat leeft schif un der Spëtzt vun der Caritas?

Den Transkript vun der Episod fannt Dir hei.

"Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast. Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen de Jean-Claude Franck an d'Pia Oppel an 8 Episoden.

Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Chris Zeien a Jo Diseviscourt.

Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich.

Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

Episoden