Radioen

On air

Notturno  |  Pinkshinyultrablast - Holy Forest

play_arrow Live
arrow_back_ios

Zeenewiessel

search / Zeenewiessel

/ S02 Carambolage: Trailer

S02 Carambolage: Trailer

headphones

3 min

Lauschteren play_arrow
on the headlines

Tëschent Februar a Juli 2024 kritt d'Caritas 61 Milliounen Euro geklaut. Wéi kann et sinn, datt dëse risege Bedruch gelongen ass? A war den Ënnergank vun där kathoulescher Organisatioun domadder inevitabel? Dës Chronologie vun enger Affär, an där zimmlech alles schif leeft, wat nëmme ka schif lafen, verzielen d'Pia Oppel an de Jean-Claude Franck an 8 Episoden. "Carambolage" ass déi zweet Serie am Zeenewiessel, dem 100,7-Doku-Podcast.

Dës Recherche leet oppen, wéi kleng a grouss Accidenter sech an dëser Affär uneneereien. D'Verhale vun der Finanzdirektesch an de Banken, d'Schwieregkeeten an der Generaldirektioun an am Verwaltungsrot, an d'Decisioune vu Bistum, Premier an Ausseminister ginn am Detail beliicht.

Zeenewiessel gëtt produzéiert vum Charlotte Bruneau, Léonardo Kahn, Tessy Troes a Pia Oppel. Mat der Ënnerstëtzung vum Jean-Claude Franck, Yves Stephany, Semir Demic, Anke Meiser, Chris Zeien a Jo Diseviscourt. Toungestaltung a -mix: Sam Erpelding an Ingo Dumlich. Fir Froen a Feedback: doku@100komma7.lu

Episoden