Wëssenswäert
Perfektionismus ass e Selbstgol
3 min
D’Forsa, d’Gesellschaft fir Sozialfuerschung a statistesch Analysen huet an deem Sënn eng Ëmfro vun der Krankekeess an Optrag ginn. Tëschent dem 1. an 8. Juni goufen an Däitschland 1.000 Persoune befrot, Persounen déi all Dag schaffe ginn, an tëschent 18 a 70 Joer al sinn.
Aus där Ëmfro geet ervir, datt 43 Prozent vu Persounen déi schaffen, sech dacks staark ënner Drock fillen.
All 7. Persoun souguer ganz heefeg. Aner 43 Prozent spiere sech just heiansdo am Job gestresst. Ee Grond fir sech gestresst ze spieren ass een héijen Drang zu Perfektionismus.