Wëssenswäert
Een Ee seet aus, wéi d’Hong gehalen ass
2 min
Kënnt en Ee vun ekologesch gehalenen Hénger oder net? Mat Hëllef vu Kär-magnéitescher Resonanz hu Fuerscher bei 4.500 Prouwe vun Eeër den Ursprong festgestallt.
Dës Nouvelle aus Däitschland gouf vun der Bundesanstalt für Landwirtschaft und Ernährung matgedeelt. D’Analys géif erstaunlech prezis funktionéieren. An Zukunft kéint dës Method hëllefen Etikettebedruch opzedecken.
Deemno kéint an Zukunft och d’Liewensmëtteliwwerwaachung dës Method asetzen.
Anscheinend sinn an den Eeër, jee no Haltung, ënnerschiddlech Undeeler u Fettsaieren, an doduercher ënnerscheeden hir Spektre sech. Dat kéint ee gläichstelle mat engem Fangerofdrock mat villen Informatiounen.
D’Ekipp huet véier Haltungsformen identifizéiert: ekologesch Produktioun, Buedemhaltung, Fräiland-Haltung, a Käfeg-Haltung.