Big Bang Festival 21.02.2026 - 09h20 Haut (22.02.) ass am Neimënster de Big Bang Festival, bei deem et vill verschidde Spektakelen an Installatioune fir déi ganz Famill gëtt.
Fuesent an der Robbesscheier 14.02.2026 - 09h20 Déi ganz Fuesvakanz, also vum 14. bis den 22. Februar ass all Dag e spezielle Fuesprogramm an der Robbesscheier mat ville verschiddenen Aktivitéiten.
Mergenthaler & Nosferatu 07.02.2026 - 09h20 De 7. Februar gëtt am Kultursall zu Steesel de Stommfilm "Nosferatu" gewisen an de Cellist André Mergenthaler wäert live Musek derbäi spillen.
Den A CAPE’lla Festival 31.01.2026 - 09h20 De Centre des Arts Pluriels Ettelbréck well mam A CAPE’lla Festival d'Diversitéit vum A-cappella-Gesang weisen.
Geek Floumaart 24.01.2026 - 09h20 Dëse Sonndeg (25.01.) ass zu Téiteng an der Schungfabrik en e bëssen anere Floumaart. Hei kritt ee villes aus de Beräicher Science Fiction, Horror a Fantasy.
Slampionship 2026 17.01.2026 - 09h20 De 17.01 ass an de Rotonden déi Lëtzebuerger Meeschterschaft am Poetry Slam. 9 Slamer a Slammerinnen wäerten hei hir Texter virdroen.
100,7-Soirée haut am Gudde Wëllen 10.01.2026 - 09h20 dasRADIAL, Sheebaba a Cleveland – dat ass d’Affiche vun der 100.7-Soirée haut den Owend (10.01) am Gudde Wëllen.
Ons Arméi um Härebierg 03.01.2026 - 09h20 Eng nei Ausstellung am Militärmusée zu Dikrech beschäftegt sech mat der Entwécklung vun der moderner Lëtzebuerger Arméi.
Between Feierdeeg Screenings 27.12.2025 - 09h20 D'Cinemathéik weist tëschent dem 27.12. an 31.12. all Dag e puer Filmer. Filmer fir déi ganz Famill awer och grouss Wierker, déi ee vläicht dëst Joer verpasst huet.
Muer ass an de Rotonden de Last-Minute Mini Christmas Market 20.12.2025 - 09h20 Fir jiddereen, dee spéit un ass mat de Chrëschtdags-Geschenker bitt sech haut (20.12.) an de Rotonden d’Geleeënheet nach op de leschte Stëppel eppes ze fannen.
Talking Pictures: 'It's Christmas Eve!' 13.12.2025 - 09h20 An der Virtragsserie Talking Pictures vum CNA geet et den 13.12. am Ciné Starlight ëm Chrëschtdagsfilmer, méi genee, wéi dat Fest an de Filmer duergestallt gëtt.
Marché des créateurs 06.12.2025 - 09h20 Am MUDAM ass dëse Weekend (06. a 07.12) déi 20. Editioun vun dësem Maart, op deem et ganz vill speziell Saachen ze kafe gëtt.
Bazar vun der Croix Rouge 29.11.2025 - 09h20 De Weekend (29. an 30.11.) ass am grousse Festzelt um Glacis déi 79. Editioun vum Bazar.
Science Festival 22.11.2025 - 09h20 Scho vum Science Festival héieren? Entdecken, Erliewen a Staunen am Gronn mat Workshoppen a Showe fir Grouss a Kleng!
Game On 15.11.2025 - 09h20 Dëse Weekend (15. a 16.11.) steet am Centre Culturel vu Bouneweg d’Gesellschaftsspill an all senge Formen am Mëttelpunkt.
Paralympic Day 08.11.2025 - 09h20 Den 8.11. kann een am Rehazenter um Kierchbierg 17 verschidde paralympesch Sportaarten ausprobéieren.
Halloween am Neimënster 25.10.2025 - 09h20 Dëse Sonnde gëtt am Neimënster Halloween gefeiert, mat ville Workshops, Spektakelen, Theater an aneren Iwwerraschungen. En Event, dat dës Kéier ënnert dem Motto Piraten steet.
Minett Treasures 18.10.2025 - 09h20 Haut (18.10) een sech am Ellergronn zu Esch e bëssen an eng Zäit zréck versetze loossen, an der de Biergbau am Minett nach den Toun uginn huet.
Soirée Africa 11.10.2025 - 09h20 Am ArcA zu Bartreng gëtt et haut (11.10) en Abléck an déi afrikanesch Kultur, mat Danz, Musek an Iessen.
Sréckkino 04.10.2025 - 09h20 Haut (04.10.) kann een zu Beetebuerg am Ciné Le Paris zesummen e Film kucken an dobäi strécken oder heekelen. Um groussen Ecran gëtt de Film "22 Bahnen" gewisen.