De Science Festival, dat si 67 interaktiv Atelieren a Showen, vun der Geneetik, iwwer d‘Mathematik bis zur Paleontologie an der Medezin, déi op Iech waarden. Eng ganz Rei un Institutiounen, ASBLen an esouguer Schoulen hu sech spannend Aktivitéiten ausgeduecht, fir Iech d‘Wëssenschaften erliewen ze loossen. Verpasst also net den Duell vum Mr Science an dem Superjhemp, entdeckt Geheimnisser vun der Informatik duerch Zaubertricken an taucht an an d’Welt vun de Medecins sans frontières am Escape Game Ebola.
Den 22. an 23. November vun 10 bis 18 Auer am natur musée an an Neimënster am Gronn.
De Science Festival, dëst Joer schonn déi 15. Editioun, ass organiséiert vum Luxembourg National Research Found a vum natur musée.