Zu Réiden ass de Kropemann lass Haut - 09h20 Zu Réiden gëtt de 27. September nees d'Kropemannsfest gefeiert. Et gëtt Theater, Animatioun fir Kanner, vill Maart- an Informatiounsstänn a Musek.
Tempus Medievale 19.09.2026 - 09h20 Den 19. an 20. September kann een sech zu Käerch am Gréiweschlass an d'Mëttelalter zréck versetze loossen.
Naturmuséefest 12.09.2026 - 09h20 Den Naturmusée weist den 13.09. wat si alles maachen. Et gi verschidden Atelieren, Infostänn a speziell Visitten. Den Haaptdeel vum Fest ass awer am Haff vum Neimënster.
Dag bei der Baach 05.09.2026 - 09h20 De 5. a 6. September ass am Park zu Stengefort eng méi lass. Et gëtt Live Musek, Animatioun fir Kanner an en Handwierks- a Konschtmaart.
Urban Walk – Discover Climate Adaptation 29.08.2026 - 09h20 Wéi hëtzt sech e Quartier op, a wéi huet d’Aart a Weis wéi mer bauen, en Effekt drop?
LuxPlaymoDays 22.08.2026 - 09h20 Den 22. a 23. August ass zu Nidderkäerjeng déi 19. Editioun vun de LuxPlaymoDays. Virun allem ginn hei eng Partie Landschaften aus Playmobil nogebaut.
Summerdream Festival 08.08.2026 - 09h20 Den 08.08. gëtt et zu Stengefort am Centre Mirador Musek, Theater, Workshoppen an och soss vill flott Saachen ze erliewen.
Steampunk Convention Iechternach 01.08.2026 - 09h20 Den 1. an 2. August ass zu Iechternach nees déi traditionell Steampunk Convention.
Mëttelalterfest zu Veianen 25.07.2026 - 09h20 Vum 25. Juli un a bis den 2. August ass um Veianer Schlass nees vill lass, mat verschiddene Virféierungen, engem Programm fir Kanner an engem Mëttelaltermaart.
Festival International de la Bande Dessinée 18.07.2026 - 09h20 Um BD-Festival zu Conter gëtt den 18. an 19. Juli nees déi 9. Konscht gefeiert.
Bat Night 11.07.2026 - 09h20 Bei der Kierch zu Baastenduerf geet et den 11. Juli ëm d'Fliedermais. Et gi geféiert Wanderungen, Workshoppe fir Kanner an et kann ee säi Wëssen an engem Quiz testen.
APEMH Summerfest 04.07.2026 - 09h20 De 4. Juli feiert d’APEMH hiert traditionellt Summerfest mat Musek, enger Talent Show, engem Sportsrallye an enger Disco fir Jiddereen.
Weekend vum Wëlle Westen 27.06.2026 - 09h20 Den 28. Juni ass zu Randschelt de Weekend vum Wëlle Westen. Hei gëtt et de ganzen Dag iwwer Animatioun, Workshoppe fir Kanner a Musek.
"Ech muss net Kolleeg mat him sinn": de Jacques Schiltz iwwer "Wagner" 20.06.2026 - 09h20 Am Gespréich mam Metteur en scène Jacques Schiltz
Fest vun der Natur 13.06.2026 - 09h20 De 14. Juni si beim Haus vun der Natur op der Kockelscheier Workshoppen organiséiert a verschidde Verkafs- an Infostänn sinn op der Plaz.
SICONA-Dag 06.06.2026 - 09h20 De 6. Juni kann ee beim Atelier vun der SICONA vill iwwer hir Projete gewuer ginn a wéi Naturschutz funktionéiert.
Kannerfestival 30.05.2026 - 09h20 Den 30. an 31. Mee ass am Neimënster de Kannerfestival, bei deem et ganz vill Atelieren a Workshoppen ze entdecke gëtt.
De Bealtaine Festival 23.05.2026 - 09h20 Den 23. a 24. Mee, organiséieren d‘Lëtzebuerger Guiden a Scoute fir déi 11. Kéier hire Bealtaine Festival um Neihaischen zu Schëtter.
OarbechterKiermes 16.05.2026 - 09h20 Hei geet et drëms de Flair vu Kiermes aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert nees opliewen zeloossen.
Nuclear Paradise 02.05.2026 - 09h20 Eng Foto-Expo, déi sech mat der Pazifik-Insel Hao beschäftegt. 30 Joer laang huet déi Insel eng wichteg Roll bei franséischen Atomtester gespillt.