arrow_back_ios

Wat wier wann?

Radioprogramm / Wat wier wann?

/ Wat wier wa Frae kéinten nuets ouni Angscht duerch d'Stroossen goen?

Wat wier wa Frae kéinten nuets ouni Angscht duerch d'Stroossen goen?

Lauschteren play_arrow
headphones

7 min

Dass Fraen sech an eiser Gesellschaft oft net sécher fille fir Owes duerch d’Stroossen ze goen, ass eng traureg Realitéit. Vill Fraen hunn an hirem Liewe scho schlecht Erfarunge gemaach an hu Strategië fir sech ze schützen. Ask for Angela ass eng international Initiativ wou et drëms geet, dass eng Persoun déi sech an engem Café, Restaurant, Club oder enger Bar onwuel oder onsécher fillt, d’Codewuert Angela benotze kann. Wann een nom „Angela“ freet, soll d’Personal erkennen, datt d’Persoun Hëllef brauch. Den 2. Oktober gouf et vun den Organisateure vun Ask for Angela eng Manifestatioun an de Cédric Reichel war sech do ëmkucke fir d’Fro ze stellen: Wat wier wa Frae kéinten ouni Angscht an der Nuecht duerch d'Stroossen goen?

mic_none

Presentéiert vum

Episoden

Wat wier wa mir all Antirassiste wieren?

Déi lescht Joren ass dëst Thema méi siichtbar ginn a vill Leit wëllen sech domat auserneesetzen. Gläichzäiteg hellt Friemefeindlechkeet an Ausgrenzung zou.
headphones

7 min

play_arrow

Wat wier wann déi physesch an déi mental Gesondheet gläichberechteg wieren?

Bei engem gebrachene Bee kritt een oft méi Matleed an Empathie, wéi bei enger Diagnos vun enger psychescher Krankheet.
headphones

6 min

play_arrow

Wat wier wa Frae kéinten nuets ouni Angscht duerch d'Stroossen goen?

Dass Fraen sech an eiser Gesellschaft oft net sécher fille fir Owes duerch d’Stroossen ze goen, ass eng traureg Realitéit. Mee wat wéi géif d'Welt ausgesinn, wann dat géif änneren?
headphones

7 min

play_arrow

Wat wier wann et e Walhéchstalter zu Lëtzebuerg géif ginn?

Et gëtt gäre leidenschaftlech iwwert e potentiellt Walrecht ab 16 debattéiert, mee misst een d'Fro net och ëmdréinen?
headphones

5 min

play_arrow

Wat wier wann d'douce Mobilitéit Prioritéit hätt?

Wat wier wann net méi den Auto déi éischt Géi géif hei zu Lëtzebuerg spillen, mee een der Doucer Mobilitéit d'Prioritéit géif ginn?
headphones

6 min

play_arrow

Wat wier wann d'Schoul réischt um 9 Auer géif ufänken?

Schloffuerscher plädéieren dofir, grad an der Pubertéit d’Schoul méi spéit ufänken ze loossen.Dem Biorhythmus vun de Jugendleche géif dat wuel entgéint kommen.
headphones

6 min

play_arrow