Den 9. Mee ass am Club vun der Rockhal nees de Wacken Metal Batlle. Hei kämpfen d'Finaliste vum Concours em e Slot um weltbekannte Wacken Open Air. Dat ass e wichtege Rendez-vous an enger hei zu Lëtzebuerg ganz lieweger Metal-Zeen. De Steve Kugener huet mam Organisateur Jeannot Hutchsinson geschwat.
arrow_back_ios
Wat leeft
Metal Battle
Lauschteren
play_arrow
headphones
4 min
Episoden
De Raftside wëll Hoffnung verbreeden
De Museker presentéiert den 1. September säin neisten Album "The Modern Hope" am opderschmelz zu Diddeleng.
Naturmuséefest
Den Naturmusée weist den 13.09. wat si alles maachen. Et gi verschidden Atelieren, Infostänn a speziell Visitten. Den Haaptdeel vum Fest ass awer am Haff vum Neimënster.
De Minettpark mécht seng Dieren op
Am Minettpark kann een de 6. September ganz vill Zich entdecken, Damp- an Diesellokomotiven. Donieft ass och nach Animatioun fir déi ganz Famill op der Plaz.
En Dag bei der Baach
De 5. a 6. September ass am Park zu Stengefort eng méi lass. Et gëtt Live Musek, Animatioun fir Kanner an en Handwierks- a Konschtmaart.
Jazz Break x Knowedge Meetup
De 5. a 6. September organiséieren d’Associatioune Jazz Break a Knowedge am Schluechthaus Coursen am Jazz- an House-Danz.
Ultraschall Festival 2026
De 5. September gëtt et am Amphitheater um Kierchbierg elektronesch Musek, mat ënnert anerem dem Lëtzebuerger DJ Nosi.
Family Adventure Ösling
De 5. September organiséiert d’Erwuesebildung zu Wëntger eng Wanderung fir Famillen, bei der ee méi zu Insekte gewuer gëtt.
DemokratieLabo um Kierchbierg
Nach bis den 11.09 kann een sech an der Europa Experience um Kierchbierg eng interaktiv Expo ukucke goen, bei där et drëms geet sech selwer Gedanken iwwer d’Demokratie ze maachen.
Kurt Vile
Den amerikanesche Singer- Songwriter, Multi-Instrumentalist a Produzent ass den 29.08 am Atelier. Hie presentéiert do säin 10. Album “Philadelphia’s Been Good to Me”.
Barbecue Blast – Concerts & Jam Session
Den DKollekitv invitéiert den 30.August an de VeWa zu Diddeleng. Et gi Concerten, dono kann een sech an enger Jam Session selwer ausprobéieren an et gëtt och nach gegrillt.
Urban Walk – Discover Climate Adaptation
Wéi hëtzt sech e Quartier op, a wéi huet d’Aart a Weis wéi mer bauen, en Effekt drop?