Den 9. Mee kann een um Kannercampus zu Bieles an am Park villes ausprobéieren, zum Beispill Graffiti, Yoga, Disk Golf oder nach Flag Football. All d'Workshoppe si gratis an et muss ee sech och net am Virfeld umellen.
arrow_back_ios
Wat leeft
San'Up
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté
Episoden
OarbechterKiermes
Hei geet et drëms de Flair vu Kiermes aus dem Ufank vum 20. Joerhonnert nees opliewen zeloossen.
Cristal Vibes
E Festival, den 13. a 14.Mee zu Munneref. Hei ginn et Concerte vu de Waffle Killers, Authenrtica, de Lompekréimer, dem André Mergenthaler oder nach dem Nosi.
Spillfest
De 14. Mee organiséiert den COSL fir déi 43. Kéier hiert traditionellt Spillfest. De ganzen Dag iwwer kann een hei vill verschidde Sportaarten ausprobéieren.
Waasserdeeg
Vum 12. bis den 18.Mee sinn am Naturpark Uewersauer eng Partie Eventer organiséiert, déi sech ronderëm d'Theema Waasser dréien.
Metal Battle
Den 9. Mee ass am Club vun der Rockhal nees de Wacken Metal Batlle. Hei kämpfen d'Finaliste vum Concours em e Slot um weltbekannte Wacken Open Air.
Haff-Fest um Kass Haff
De Kass Haff mécht den 10. Mee seng Dieren op. Hei ginn et Aktivitéite fir Kanner oder och nach e Bio Second Hand Maart.
San'Up
Den 9. Mee kann een um Kannercampus zu Bieles an am Park villes ausprobéieren, zum Beispill Graffiti, Yoga, Disk Golf oder nach Flag Football.
D'Echappée
Eng Randonnée, bei där een de 9. Mee vu Konsdref 4 verschidde Vëlosstrecke fuere kann. Den Erléis geet un de gudden Zweck.
Messtival Vol. 5
De Festival, deen den 9. Mee zu Reckeng op der Mess ass, feiert dëst Joer säi 5. Gebuertsdag. Op der Affiche stinn ënner anerem De Läb, Tuys, de Maz Universe oder nach d’Marcy.
E Filmowend ronderëm d’Demenz
De 7. Mee organiséiert den Info-Zenter Demenz zu Beetebuerg am Ciné le Paris e Filmowend, bei deem de Film “Les Esprits Libres” gewise gëtt.
D'Ouverture vun der Saison a Kreativmaart
De Minettpark am Fond-de-Gras mécht den 1. Mee seng Diere fir déi nei Saison op an dofir ass deen Dag eng méi lass do.
Nuclear Paradise
Eng Foto-Expo, déi sech mat der Pazifik-Insel Hao beschäftegt. 30 Joer laang huet déi Insel eng wichteg Roll bei franséischen Atomtester gespillt.
Maale Gars - Release Show
Den 30.04. presentéiert de Lëtzebuerger Museker Maale Gars säin neien Album "Iwwert Mech" an de Rotonden.
Walpurgisnacht
Eng Nuecht, déi op Joerhonnerten alen europäeschen Traditioune berout. Et gëtt vill Musek, vill Natur an och Workshoppen.
Poutty Stein revisited
De Georges Urwald a Serge Tonnar hunn ënner dem Titel "Kapoutty" eng Rei Lidder vum populäre Chansonnier Poutty Stein nei interpretéiert.
Beyond the Wall
En Dag ronderëm d’Graffiti-Kultur de 25.04 am Schluechthaus an der Stad.
Groove and Roll
En Event, bei deem de 26.04. am Atelier den Danz an d'Rollschung zesummekommen.
déi aner - Zine Launch Party
“déi aner” ass eng Plattform, déi ënner anerem en Online-Magasinn publizéiert, an de 24.04. feiert se hiren drëtte Gebuertsdag an de Rotonden.
Partizipativ Ateliere vum DKollektiv
All Mëttwoch kann ee sech zu Diddeleng beim engem partizipative Projet bedeelegen, bei deem et dorëm geet, zesummen eppes ze kreéieren.