Street Fest 10.07.2025 - 14h40 Am Kader vun der Luxembourg Pride Week ass dëse Samschdeg a Sonndeg (11.07. +12.07.) nees vill lass zu Esch, mat vill Musek an Drag Queens, déi do optrieden.
M.A.D. - Move and Dance 09.07.2025 - 14h40 Dëse Samschdeg (12.07.) ass zu Wegdichen an der Gemeng Wolz mëttes e Fussballturnéier an owes dann eng Partie Concerten, vu virun allem Lëtzebuerger Artisten an Artistinnen.
Color Festival 04.07.2025 - 14h40 Dëse Samschdeg (05.07.) ass am Park zu Hënsdref de Color Festival mat vill Musek vun ënner anerem Skreen Brulée oder nach dem Maka MC.
Rock um Bur 2025 + Open Air Housen 03.07.2025 - 14h40 Vun haut (3.7.) un a bis de Samschdeg gëtt et Musek zu Housen an de Samschdeg (05.07.) gëtt et e Mini-Festival zu Dippech.
5 Joer A:LL 02.07.2025 - 14h40 D'ASBL A:LL Schrëftsteller*innen feiert dësen Donneschdeg (03.07.) Gebuertsdag an de Rotonden a bitt do Musek, Workshoppen a Liesungen un.
Hermanos Gutierrez 01.07.2025 - 14h40 Den Duo ass dëse Freideg (04.07.) an der Rockhal a presentéiert hei säi rezenten Album "Sonido Cosmico".
Air 30.06.2025 - 14h40 Dee franséischen Duo ass dëse Sonndeg (06.07.) an der Rockhal. Op hirer aktueller Tour feiere si de 25. Gebuertsdag vun hirem Debutalbum "Monna Safari".
Leaves, Lines and Leaping Moves 27.06.2025 - 14h40 Esou ass en Event vum Géisskan Kollektiv dëse Sonndeg (29.06.) op der Kinnekswiss iwwerschriwwen. Hei trëfft Poetry Slam op Danz.
Les Nuits en Or 2025 26.06.2025 - 14h40 De Freideg a Samschdeg (27.06. + 28.06.) ginn 32 priméiert Kuerzfilmer aus aller Welt an der Cinemathéik gewisen.
Käerch Rockt 25.06.2025 - 14h40 Dëse Samschden (28.06) gëtt et Musek zu Käerch op der Gemengeplaz, mat Essany, The Cookies, The Gazmen an der Mental-Coverband.
Musique + Equilibre 20.06.2025 - 14h40 Den 29.06 trëfft an der Fondation Valentiny zu Rëmerschen d'Musek op d'Theema Equiliber, e Concert vun United Instruments of Lucilin.
Fête de la Musique: Zweet Ronn 19.06.2025 - 14h40 Nach bis dëse Samschden (21.06) sinn uechtert Land Concerten organiséiert.
Cash Only 18.06.2025 - 14h40 Eng Ausstellung vun der Lëtzebuerger Kënschtlerin Sarah Mandres, an där et ëm déi verschidde Facettë vu Sue geet.
Stereolab 17.06.2025 - 14h40 D'Band ass dëse Freideg (20.06.) am Atelier a presentéiert do hiren neien Album "Instant Holograms on Metal Film".
Poetry Slam op der Kinnekswiss 13.06.2025 - 14h40 “Plants, Ants and Climate Justice” heescht de Poetry Slam, deen de Géisskan Kollektiv dëse Sonndeg (15.06.) am Culture Hub vun der Villa Vauban organiséiert.
Optakt vun der Fête de la Musique 12.06.2025 - 14h40 Dëse Freideg (13.06.) organiséieren de Gudde Wëllen an d'Kulturhaus Nidderaanwen hir Fête de la musique.