Ons Arméi um Härebierg 31.12.2025 - 14h40 Eng nei Ausstellung am Militärmusée zu Dikrech beschäftegt sech mat der Entwécklung vun der moderner Lëtzebuerger Arméi.
Neijoerschconcert am Escher Theater 30.12.2025 - 14h40 Op der Bün sinn de Kammerorchester Estro Armonico ënner der Leedung vum Gast Waltzing an déi ivoresch Sängerin a Grammy-Gewënnerin Dobet Gnahoré.
Winterkids - 2 29.12.2025 - 14h40 Nach bis de 4. Januar ginn um Kanner-Chrëschtmaart um Knuedler gratis Workshoppen, Spektakelen a Concerten ugebueden.
White Fang 24.12.2025 - 14h40 De 27.12. gëtt am Cercle Cité de Kannerfilm "White Fang" gewisen. Dat ass gratis an duerno kritt een och nach eng kleng Iwwerraschung.
Between Feierdeeg Screenings 23.12.2025 - 14h40 D'Cinemathéik weist tëschent dem 27.12. an dem 31.12. all Dag e puer Filmer. Filmer fir déi ganz Famill awer och grouss Wierker, déi ee vläicht dëst Joer verpasst huet.
WinterKids - 1 22.12.2025 - 14h40 Nach bis de 4. Januar ginn um Kanner-Chrëschtmaart um Knuedler gratis Workshoppen, Spektakelen a Concerten ugebueden.
Last-Minute Mini Christmas Market 19.12.2025 - 14h40 Fir jiddereen, dee spéit un ass mat de Chrëschtdags-Geschenker bitt sech den 20.12 an de Rotonden d’Geleeënheet nach op de leschte Stëppel eppes ze fannen.
Chrëschtconcert 18.12.2025 - 14h40 De Freiden (29.12) ass an der Philharmonie nees den traditionellen Chrëschtconcert mat vill Chrëschtmusek, bei der een och matsange kann.
Schumacher - Lamy - Herr - Demuth 17.12.2025 - 14h40 Déi 4 Lëtzebuerger Jazzmuseker Pascal Schumacher, Greg Lamy, Jeff Herr an Marc Demuth spillen dëse Samschden a Sonnden (20.12 + 21.12) zwee Jazzconcerten am Gudde Wëllen.
End-Of-The-Year-Showcase 16.12.2025 - 14h40 De 17.12. trieden an de Rotonden dräi Lëtzebuerger Museksprojeten op: Francis of Delirium, First Mote a Bartleby Delicate.
Zweemol Jean Portante 15.12.2025 - 14h40 De Schrëftsteller presentéiert de 16.12. am Cercle Cité säin neit Buch “La panthère parfumée”an den 18.12. feiert hie säi 75. Gebuertsdag am CNL.
Talking Pictures: Its Christmas Eve! 12.12.2025 - 14h40 An der Virtragsserie vum CNA geet et de Samschdeg (13.12.) am Ciné Starlight zu Diddeleng ëm Chrëschtdagsfilmer, méi genee dorëms, wéi dat Fest an de Filmer duergestallt gëtt.
Krick 11.12.2025 - 14h40 Déi Lëtzebuerger Musekerin presentéiert den 13. Dezember deen éischten Album “The First Chapter” an der Rockhal.
De Weeltzer Dësch geet op Tour! 10.12.2025 - 14h40 Den 12. an 13.12. ginn eenzegaarteg Stécker vun den Trounwiessel-Feierlechkeeten zu Wolz verkaf an dat fir de Gudden Zweck.
Odd Couple 09.12.2025 - 14h40 Deen däitschen Duo ass dëse Samschdeg (13.12.) am Gudde Wëllen. Si vermëschen e spezielle Sound mat witzegen Texter.
Jazz a Blues am Liquid 08.12.2025 - 14h40 Dësen Dënschden (09.12) bitt den Trio Possing, Dahm a Belardi Jazz am Liquid an den Donneschden (11.12) ass et dann de Kid Colling, deen eng Mëschung aus Blues a Rock presentéiert.
Marché des créateurs 05.12.2025 - 14h40 Am MUDAM ass dëse Weekend (06.12+07.12) déi 20. Editioun vundësem Maart, op deem et ganz vill speziell Saachen ze kafe gëtt.
Adventsweekender an der Robesscheier 04.12.2025 - 14h40 Zu Munzen gi vill flott Atelieren ugebueden, déi mat der Natur a Chrëschtdag ze dinn hunn.
De Gudde Wëllen feiert Gebuertsdag 03.12.2025 - 14h40 Dëse Freiden(05.12) feiert de Gudde Wëllen an der Stad säin 11. Gebuertsdag mat vill Musek.
Royel Otis 02.12.2025 - 14h40 Deen australeschen Duo ass de 5. Dezember an der Rockhal. Ee vun de spannendsten Nimm an der Indiezeen.