“Bienvenue à la Villa!” nennt sech eng Ausstellungsrei, déi elo Enn vum leschte Joer an der Villa Vauban opgaangen ass. Duerch eng thematesch Expo ginn hei déi nei Acquisitiounen an Donatioune mam Public gedeelt. Déi Kéier zum Schwéierpunkt Lëtzebuerger Konscht aus dem 20. Joerhonnert, an Zuelen: knapps 80 Konschtwierker vun 19 Kënschtler, dorënner 8 Kënschtlerinnen. Et handelt sech net ëm e Best of, gewise gi markant kënschtleresch Positiounen, déi bis ewell a privaten Hänn waren an dowéinst net ëffentlech ze gesi waren.
arrow_back_ios
Wat leeft
Bienvenue à la Villa!
Lauschteren
play_arrow
headphones
6 min
mic_none
Presentéiert vum
- Pit Walté