26. Juni 2007 an Norwegen: D’Amy Winehouse spillt op der éischter Editioun vum Hove Festival, op der Insel Tromøya, an der Géigend vun Arendal. Op der Setlëscht si 15 Lidder, déi si mat hirer Band ënner der Leedung vum Bassist Dale Davis interpretéiert: “Rehab”, “Back to Black”, “Tears Dry on Their Own”, “You Know I’m No Good” a vill anerer. Hir Léift fir de Soul zele bréiert si mat Coverversioune vum Sam Cooke, The Specials an Toots and the Maytals. Den Ofschloss mécht si mat hirer Versioun vu “Valerie” vun The Zutons.
Den 100,7 feiert den 20. Gebuertsdag vu “Back to Black” mam integrale Concert. Den Album koum de 27. Oktober 2006 eraus. Erlieft d’Sängerin um Héichpunkt vun hirer leider kuerzer Carrière.
Presentéiert vum Yves Stephany