Sot Emol
Josy Lorent: E Mënsch mat villen Interessen
56 min
Wann ee vu Journaliste schwätzt, déi de Journalismus zu Lëtzebuerg markéiert hunn, da fënnt een ënner all deenen Nimm och garantéiert dee vum Josy Lorent. Iwwer 40 Joer war hie Journalist am Lëtzebuerger Wort an hien huet an der Zäit esou munch vill Affären, Regierungen an och soss Situatiounen, déi eist Land an och d’Welt beweegt hunn, materlieft.
De Josy Lorent war och am Presserot aktiv, wou hien ofwiesselnd mol President oder mol Generalsekretär war, wou hien och selwer mat un der Organisatioun vum Kongress vum europäesche Conseil de Presse matgeschafft huet.
Zanter enger Zäitchen ass de Josy Lorent an der Pensioun, mee dat heescht awer net, datt net nach wieder aktiv ass.
Ee Sujet, deen him ganz besonnesch um Häerz läit, ass alles, wat wärend dem Zweete Weltkrich geschitt ass a wat Lëtzebuerg erlidden huet mat den Enrolés de Force, der Shoah oder an der Resistenz. A virun allem ass et dem Josy Lorent en Uleies, datt dës Kapitel an eiser Geschicht net dierf a soll vergiess ginn.
An nach e weidere Pilier beim Josy Lorent senge villen Interessen ass seng Frëndschaft zu der Militärmusek, wou hien den aktuelle President vun der ASBL Frënn vun der Militärmusek an och de Mat-Fondateur vun där ASBL ass.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus