Sot Emol
Annette Schlechter: Schauspillerin an Infirmière
56 min
D’Invitée ass scho vum Numm hier ganz no un der Kultur, um Theater, um Schreiwen an esou weider. D’Annette Schlechter ass Schauspillerin, si war an enger Abberzuel Rollen op der Bün an och Filmer ze gesinn. Si krut hiert artistescht Talent quasi mat an d’Wéi geluecht: hire Papp, de Ger Schlechter, war selwer Acteur an och e Radiosmënsch. An hire Brudder ass den Auteur Lambert Schlechter. Si stoung och heefeg mat hirem Mann, dem Acteur Max Pütz, op der Bün oder virun der Kamera, e Max Pütz, deen eréischt viru Kuerzem gestuerwen ass.
Mee e groussen Deel vun der Annette Schlechter hirem Liewen huet der Fleeg vu kranke Mënsche gehéiert, well si war an ass Infirmière, een éierbare Beruff, virun deem een ëmmer nees grousse Respekt weise soll a muss. D‘Annette Schlechter hëlt eis mat an hir Welt, déi laang tëschent der Bün an dem Krankebett gewiesselt huet.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus