Sot Emol
Michel Grevis: Ech sinn e virwëtzege Mënsch
56 min
Et begéint een ëmmer nees Mënschen, besonnesch an esou enger Emissioun, bei deenen ee sech selwer freet, iwwer wat solle mir dann elo primär schwätzen. Iwwer d’Schreiwen, nee, nieft dem Schreiwen ass et jo awer den Theater, an dann och nach d'Zeechnen, oder d’Gravur. An da muss een och nach iwwer d’Natur oder d’Nohaltegkeet schwätzen oder iwwer den Zirkus oder och iwwer politesch Aktivitéiten ... all dës Theeme passe bei den Invité, an esou guer nach vill weiderer. De Michel Grevis ass e Mënsch, e kreative Mënsch, deen ëmmer nees op der Sich ass seng Kreativitéit weiderzeentwéckelen.
De Michel Grevis ass vu Formatioun hier Schoulmeeschter, eng Formatioun, déi hien um ISERP mat engem Musical zum Theema Immigratioun op en Enn bruecht huet. Duerno huet hie laang Joren zu Esch am Brill Schoul gehalen. Zanter Mëtt den 2000er Jore schafft hien am Centre de Jeunesse vum SNJ zu Huelmes.
Hien huet vill geschriwwen: Gedichter, Theaterstécker, jee, de Michel Grevis ass e Mënsch mat vill verschiddene Säiten, wéi e grouss faarwegt Buch, an deem mir elo bliederen.
Presentéiert vum
- Jean-Claude Majerus